Sonndesinterview mat der Professer Carole LinsterD'Fuerschung ka bei rare Krankheete Liewe veränneren

Sarah Cames
D'Professer Carole Linster fuerscht op der Universitéit Lëtzebuerg um mënschleche Stoffwiessel a kann domat Patiente mat rare Krankheeten och a ganz konkreete Fäll hëllefen.
D'Professer Carole Linster fuerscht mat hirem Team um mënschleche Stoffwiessel.
D’Professer Carole Linster am Labo um Campus Belval.
© RTL

Dacks ass d’Recherche e méi abstrakt an theoretescht Feld, ma net forcement an der Professer Linster hirem Fall: d’Fuerschung vun hir an hirem Team ka Patiente mat rare Krankheeten a ganz konkrete Fäll hëllefen. “E gudden Deel vun deene seelene Krankheete sinn doduerch bedéngt, datt iergendeppes am Stoffwiessel net richteg geet”, erkläert d’Professer Linster. Wann um Niveau vun den Zellen och just eng Reaktioun net esou leeft, wéi se et u sech sollt, kéinten do “ganz schlëmm Konsequenzen” derbäi erauskommen, erkläert si. Dat géif sech dacks scho fréi no der Gebuert weisen. Vun de ronn 7.000 seelene Krankheete gëtt et bei iwwer 1.000 ee Probleem um Niveau vum Stoffwiessel.

D’Grondlagefuerschung ass wéi an all Fuerschungsfeld och hei ee wichtegen Deel vun der Recherche, ma et sinn och Famillje vu Patienten, déi op d’Team duerkommen, a sech erhoffen, der Krankheet vun hire Léifste mat der Aarbecht vum Labo endlech eppes entgéintsetzen ze kënnen. Ee Beispill ass d’Zellweger-Syndrom, un deem de Fuerschungsgrupp schonn zanter enger Rei Jore fuerscht. “Do war den Ufankspunkt eng Famill, wou souguer e puer vun hire Kanner vun där schroer seelener Krankheet betraff waren.” Wéi bei esou ville rare Krankheete gëtt et och hei bis ewell nach keng Heelungschancen. Genee dat hofft den Team ronderëm d’Professer Linster mat hirer Fuerschung änneren ze kënnen, a villäicht iergendwann een Therapieusaz ze fannen.

Recherche ka Liewe veränneren

Fuerschung bedreiwen, an dobäi konkret Fäll a Schicksaler virun Aen hunn - dat ass eppes, wat d’Aarbecht fir d’Professer Carole Linster an hiert Team ganz besonnesch mécht. Si si sech bewosst, datt si mat hirer Aarbecht Liewe verännere kënnen: “Natierlech ass et eng staark Motivatioun. Et gëtt deem Ganzen e ganz konkreete Sënn.” Déi Famillje géifen dacks iwwer Jore vun Dokter zu Dokter rennen, ier si iwwerhaapt emol een Diagnostik kréichen. Op Konferenzen hätt een deemno wéi esouguer d’Méiglechkeet, der Krankheet ee Gesiicht ze ginn: “Do brénge se oft och dann d’Fuerscher mat de Patientefamillen, déi dat eebe wëllen, a Kontakt, fir datt engem dat och ëmmer bewosst bleift.”

Am Fall vum Zellweger-Sydrom, deen dacks déidlech verleeft, ass den Team op engem Punkt, wou schonn iwwer 2.000 Moleküllen analyséiert goufen an ee Medikamenter, déi fir aner Krankheete gebraucht ginn, op hir Wierksamkeet an dësem Fall test: “An dat sinn elo eis Kandidaten, un deene mer schaffen, fir déi weider ze validéieren. A bei e puer vun deene gesäit eebe gutt aus, datt mer déi kënne weider entwéckelen”, esou d’Professer Carole Linster iwwer méiglech medikamentéis Therapieusäz.

D’Professer Carole Linster an hirem Büro um Campus Belval.
© Sarah Cames

Wéi Fësch d’Fuerschung weiderbréngen

D’Fuerschung zu rare Krankheeten huet vill mat Detektivaarbecht ze dinn, an där kënnen d’Carole Linster an hir Kolleegen an de Laboe vun der Uni.lu op eng ganz Rei Aart a Weisen nogoen. Dacks fänkt d’Fuerschung bei dem isoléierte Protein oder Enzym un. Sinn déi biocheemesch Prozesser an dem isoléierten Environnement bis emol verstanen, heescht et, d’Test-Objeten an hirem gréissere System ze ënnersichen, fir d’Zesummespill vun de verschiddene Facteure besser novollzéien ze kënnen. “An da gi mer och nach a verschiddene Fäll dann eebe bis zum Liewewiesen”, erkläert d’Professer Carole Linster. “Wann een nëmmen op enger Zell schafft, da kann een och net dat Bild, déi Komplexitéit erëm hierstellen, eebe vun engem ganzen Organ, wat an engem Kierper sëtzt, wou dann och d’Blutt derduerch leeft an esou weider.” Fir belaaschtbar Conclusiounen ze zéien, wier et deemno och wichteg, de Gen-Defekt an engem Liewewiesen ze analyséieren.

Do kommen d’Zebra-Fësch an d’Spill. Déi sinn net just geneetesch iwwerraschend no um Mënsch an entwéckele sech ganz séier, ma si loosse sech grad an deene fréien Developpementsphasen, déi bei rare Krankheeten esou wichteg sinn, besonnesch gutt observéieren. “Do hu mer am Fong ëmmer eng grouss Chance, datt mer déi Gen-Defekter, déi mer am Mënsch hunn, datt mer déi kënne reproduzéieren am Zebra-Fësch an dass mer verschiddene vun de Symptomer och da reproduzéieren, déi mer am Mënsch gesinn.” D’Fësch entwéckele sech anescht wéi Mamendéieren ausserhalb vum Mammeleif an hunn doriwwer eraus déi besonnesch Eegenschaft, datt d’Larven an deenen éischten Deeg komplett transparent sinn. Dat wier besonnesch ënnert dem Mikroskop e grousse Virdeel: “Do kënne mer also derduerch kucken a kucken, wéi all déi Organer sech entwéckelen.”

Etüden an den USA hunn “dat néidegt Selbstvertraue bruecht”

D’Professer Carole Linster konnt sech an hirem Beruff genee an déi Nisch eraschaffen, fir déi si sech schonn ëmmer begeeschtert huet: “Ech war einfach ëmmer interesséiert un der Natur, de Liewewiesen, awer ebe méi spezifesch un der mënschlecher Biologie an och eben och wéi d’Krankheete sech entwéckelen. Mee ech wollt awer net Dokter ginn.” Scho fréi am Studium ass si a Richtung vun der Fuerschung gaangen. “D’Richtung, déi ech ageschloen hunn, ech mengen dat ass zimmlech vill beaflosst gi vun deene Proffen op der Uni, déi mech am meeschte matgerappt hunn an hirer Leidenschaft fir hir Fuerschung.”

Spueren nogoen, Hypotheesen opstellen, dat ass et, wat der Professer Linster besonnesch gutt gefält - virun allem, wann zum Schluss een Duerchbroch geléngt: “Et ass ëmmer eng Ongewëssheet derbäi an et ass net onbedéngt agreabel. Mee ech mengen d’Satisfaktioun, déi een huet, wann awer d’Saachen zesummekommen a wann een d’Froe léist a wann ee bemol d’Saach versteet, wou virdrun alles däischter war - déi ass einfach esou grouss, datt een duerno wierklech doranner sech eraschafft an eeben e bësse gewinnt gëtt un déi Ongewëssheet a gedriwwe gëtt vun där Satisfaktioun, déi een huet, wann ee Saache weiderbréngt a besser versteet.”

An hirer Karriär hat d’Professer Linster schonn eng Rei international Statioune gemaach. Nieft Bréissel huet si och e puer Joer op der UCLA a Kalifornien verbruecht, eng Zäit, déi si ganz positiv an Erënnerung huet: “Ech mengen dat war eng ganz gutt Saach, well si hunn einfach eng aner Approche.” Wärend de Studium hirer Erfarung no an Europa e bësse méi “vun uewen erof” war, war déi amerikanesch “Go for it"-Mentalitéit fir si als Studentin ganz erfrëschend. “Do krut ech dat néidegt Selbstvertrauen, fir einfach u meng eegen Iddien ze gleewen an dat muss een hunn an der Fuerschung.” Déi aktuell Situatioun an den USA, an där den US-President Trump sech mat enger Rei Universitéite gestridden huet an hinne politesch motivéiert d’Fuerschungsgelder gestrach huet, nennt d’Professer Linster “eng ganz exzeptionell Situatioun": “Ech weess vum Labo wou ech war, deen nawell gutt gelaf ass op der UCLA, wou wierklech effektiv eng Haaptfinanzementsource gestrach ginn ass, mat net ganz vill Begrënnungen. Dat ass natierlech dramatesch a mir gesinn d’Effekter och u Leit, déi hei applizéieren.”

Als Fra an der Fuerschung huet d’Professer Linster allgemeng bis ewell nach keng schlecht Erfarunge gemaach: “Ech hunn ni wouergeholl, datt et do soll e verschiddenen Traitement tësche Fraen a Männer ginn. Also ech hu wierklech guer emol net dru geduecht, dass ech manner eescht geholl gi mat mengen Iddien, well ech eng Fra sinn.” Datt et trotzdeem nach Loft no uewe gëtt, huet si eréischt gemierkt, wou si op engem méi héijen Niveau ukomm war: “Wat ee méi Responsabilitéit kritt, wat ee méi grouss Projete kann ugoen, do mierken ech zwar, datt een als Fra vill méi haart muss schaffen, fir am Fong dat selwecht kënnen ze bewierken, oder déi selwecht Positioune kënnen ze erreechen.” An hirem Team selwer huet si keng Quoten - si entscheet strikt nom Profil vun de Kandidaten.

Sonndesinterview mat der Professer Carole Linster
Wéi leeft d’Fuerschung zu rare Krankheeten a wéi ee Bäitrag kënnen Zebra-Fësch an der Recherche leeschten? Äntwerten op dës Froen am Video.

Back to Top
CIM LOGO