Neit GesetzD'Funktioun vun den Dageseltere soll revaloriséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war dat Ganzt Sujet an der zoustänneger Chamberkommissioun.
© RTL Archiv

Pro Kand a pro Stonn geet déi staatlech Ënnerstëtzung via Chèque-service vun 3,75 Euro op 5,40 Euro an d’Luucht. Eng eemoleg Primm vun 3.000 Euro ass och virgesinn, fir dass d’Dagesmamm oder den Dagespapp dat néidegt Material fir den Encadrement ka kafen.

Nei sinn och Formatiounskrittären, déi agefouert gi mat enger Minimal-Qualifikatioun, déi enger 3ème am Secondaire entsprécht. Eng vun den 3 offiziellen Nationalsprooche muss een och kënne schwätzen.

Aktuell ginn et iwwregens ronn 450 Dagesmammen a -pappen hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO