D'Gerechtegkeet stoung e Sonndeg de Mëtten am Te Deum am Mëttelpunkt vun der Usprooch vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich.
Dat wier e Begrëff, dee fir all d'Reliounen, déi bei eis am Land vertruede sinn, vu ganz grousser Wichtegkeet.
En demokratesche Stad kéint eigentlech och just existéieren, wann et an deem Stad Gerechtegkeet géif ginn.
Mir mussen dofir Suergen, datt am Wandel vun der Zäit, d'Schéier tëschent Aarm a Räich net méi grouss gëtt an datt mer esou e Vollek sinn a bleiwen, dat a Solidaritéit zesumme steet.
En anere Sujet an der Usprooch vum Monseigneur Jean-Claude Hollerich war d'Beweegung Fridays for Future.
Hien huet ënnerstrach, datt hien houfreg op déi Jonk ass.
Den Äerzbëschof sot dann och nach, et wier awer schéin ze gesinn, wéi d'Grande-Duchesse sech asetzt, fir d'Gerechtegkeet tëschent Mann a Fra, a Krichszäiten, géint de Viol"als Waff am Krich"
Eise Bléck, esou nach de Monseigneur Hollerich, wier vill an d'Vergaangenheet gaangen. Den zweete Weltkrich, d'Befreiung an dat wier gutt esou, well mir géifen op deem Fundament liewen, mä et wier elo un eis e Fundament ze maachen, op deem déi nächst Generatioune kënne liewen.
Och Vertrieder vun anere Reliounsgemeinschaften hunn traditionell e Sonndeg de Mëtteg an der Kathedral d'Wuert ergraff.