
Lëtzebuerg als Mekka vum Glécksspill ze bezeechnen, wier sécherlech iwwerdriwwen, an awer hëlt d’Zuel vu Spillautomaten zou, an dat op Plazen, op deenen ee se net onbedéngt erwaarde géing. Sou kann ee sech beispillsweis zanter kuerzem op enger Tankstell um Fridhaff d’Zäit un zwou esou Maschinne verdreiwen. Ma ass dat legal, a wéi vill Spillautomate gëtt et iwwerhaapt zu Lëtzebuerg?
Am Grand-Duché fale Spillautomaten ënnert d’Zoustännegkeet vum Justizministère. Op Nofro hi ginn et fir d’éischt emol e puer Prezisiounen. Sou misst een tëscht zwou Zorte vun Automaten ënnerscheeden. Engersäits Spillautomaten, déi nom sougenannte Flipperprinzip funktionéieren an deene Spillautomaten, déi effektiv Glécksspillautomate sinn. Flipperprinzip bedeit, datt een eng Mënz ageheit an et vum Geschéck ofhänkt, ob ee weiderspille kann, ouni d’Chance op ee Gewënn ze hunn. Dës si legal an duerfen am ëffentleche Raum exploitéiert ginn.
Loterie Nationale fält net ënnert Verbuet
Déi Automaten, bei deenen et reng vum Gléck ofhänkt a wou een d’Chance op ee potenzielle Gewënn huet, falen ënnert dat generellt Verbuet aus dem Artikel 3. vum ofgeännerte Glécksspillgesetz vum 20. Abrëll 1977. Dat wieren déi sougenannte Glécksspillbornen. Et gëtt awer och Ausnamen. Sou falen déi Glécksspillbornen, déi vun der Loterie Nationale exploitéiert ginn, net ënnert dat generellt Verbuet aus dem Artikel 3. vum Gesetz, well d’Loterie Nationale am 1. Artikel vum Gesetz aus deem sengem Uwendungsberäich erausgeholl gëtt. Well ebe just d’Borne vun der Loterie Nationale legal sinn, gi vum Justizministère och keng Geneemegungen u Geschäftsleit ausgestallt, fir esou Automaten ze exploitéieren.
Wéi vill Spillautomaten et am Ganzen zu Lëtzebuerg gëtt, op wéi eng Zort vu Geschäfter se sech verdeelen a wéi héich de geschaten Ëmsaz mat dëse Maschinnen ass, dozou leien dem Justizministère iwwerdeems keng Zuele vir. Et ass och net gewosst, wéi vill illegal Automaten et zu Lëtzebuerg gëtt. Wat d’Kontroll vun de Spillautomaten ugeet, do ass de Parquet responsabel.
Am Joer 2019 war bekannt ginn, datt d’Loterie Nationale ee Pilotprojet starte géing, fir a verschiddene Baren a Caféen eege Spillautomaten opzestellen, dat fir der illegaler Konkurrenz entgéintzewierken. Op Nofro hin heescht et vun der Loterie Nationale, datt de Projet Enn 2021 an déi kommerziell Phas koum. Wéinst der Pandemie hätt een ee Retard vun zwee Joer gehat an et wier een och méi lues virukomm wéi geplangt. Zil wier gewiescht, bis zu 600 “Video Lottery Terminalen” (VLT) a bis zu 250 Points de vente opzestellen. Aktuell hätt ee 430 VLT an 185 Verkafsplazen. Dat initiaalt Zil soll bis Enn dës Joers areecht ginn. Déi grouss Majoritéit vun de VLT-Händler kéim aus dem Horeca-Secteur, ma et hätt een awer och an anere Secteure getest.
2.500 illegal Automate bréngen iwwer 100 Milliounen Euro
Wat déi illegal Konkurrenz ugeet, sou géing et zu Lëtzebuerg 2.500 esou Automate ginn, déi pro Joer méi wéi 100 Milliounen Euro brutto Revenu generéiere géingen. Dee Montant géingen d’Spiller also verléieren an d’Suen onversteiert a privat Täschen an deels an déi organiséiert Kriminalitéit fléissen. Dobäi misste Revenuen, déi duerch Glécksspill generéiert ginn, rëm an d’Zivilgesellschaft zeréckfléissen. Der Loterie Nationale, respektiv der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, déi d’Loterie geréiert, géingen all Joer 20 Milliounen Euro fleete goen.
Dann ass et och nach d’Informatioun, datt d’Loterie Nationale am Joer 2022 duerch d’Spill Subito 5,1 Milliounen Euro Ëmsaz gemaach huet, dat wier just nach ronn ee Véierel vum Montant vu virun 10 Joer. Nieft der Loterie Nationale ass zu Lëtzebuerg iwwregens just nach de Casino 2000 vum Glécksspillverbuet ausgeholl.