
Den US-President Donald Trump huet nei Importtaxe fir Medikamenter a Metaller annoncéiert. Hien huet en Donneschdeg Dekreeter ënnerschriwwen, mat deenen an Zukunft Medikamenter aus der Europäescher Unioun mat engem Opschlag vu 15 Prozent beluecht solle ginn. Beim Import aus anere Länner, déi bis ewell keen Handelsofkommes mat den USA hunn, kéinten d’Douanestaxen esouguer op bis zu 100 Prozent eropgoen.
Den Trump wëll domadder déi international Pharmaindustrie zwéngen, hir Produktioun an d’USA ze verleeën. Wa si dëst net maachen, wäerte weider Taxe fir d’Entreprisen an 120 Deeg a Kraaft trieden. Fir kleng Firme gëllt eng Frist vun 180 Deeg, wéi et aus Regierungskreesser zu Washington heescht.
Bei Metaller trieden d’Ännerungen dem Dekreet no vun e Méindeg un de Kraaft. Bei fäerdege Produiten, bei deene grouss Quantitéite vu Stol, Aluminium oder Koffer verschafft goufen, wäerten d’Douanestaxe vu 25 Prozent a Kraaft trieden.
Den Donald Trump huet dës “Opschléi” genau ee Joer no sengem “Liberatiounsdag” annoncéiert. Den 2. Abrëll 2025 hat hie jo deels extrem héich Stroftaxe fir d’Handelspartner vun den USA aus der ganzer Welt annoncéiert, déi awer kuerz drop zum gréissten Deel nees duerch nei Dealer erofgesat goufen.
Dat héchst US-Geriicht hat Enn Februar allerdéngs matgedeelt, datt de gréissten Deel vun dem Donald Trump sengen Taxen net rechtméisseg wieren. Zanterhier huet d’Regierung fir déi meescht Produiten aus dem Ausland eng nei Stroftax vun 10 Prozent agefouert. Dobäi baséiert sech den Donald Trump op en anert Gesetz, wéi dat virdrun de Fall war. Dës Tax gëllt allerdéngs bis ewell net fir Autoen oder Produiten aus Stol an Aluminium.