
Et ass d’Mëschung aus Leed an Hoffnung, déi eng Partie Leit an d’Hänn vu Mënschen dréckt, déi eng einfach a séier Reconvalescence verspriechen. Fir d’Mënsche mat Kriibs kann dat fatal Suitten hunn. Mam Onkolog Dr. Guy Berchem aus dem CHL hu mir doriwwer geschwat.
Tumeure sinn déi heefegst Doudesursaach zu Lëtzebuerg, op zweeter Plaz si Krankheete vum Häerz-Kreeslaf. Aus de Statistike vum Gesondheetsministère fir 2021 geet ervir, dass bei de Männer Longen-, Prostate- an Daarmkriibs déi heefegst Kriibsaarte mat déidleche Suitte sinn. Bei de Fraen ass et Broscht- a Longekriibs, esou wéi Kriibs op der Bauchspeicheldrüs.
Wat de Kriibs méi fréi erkannt gëtt, wat besser, esou den Dr. Guy Berchem. Wann een d’Krankheet mat Zäiten entdeckt, kann ee mat den néidegen Traitementer ufänken, wat eng Heelung méi warscheinlech mécht.
D’Medezin huet eng Abberzuel un Therapie-Méiglechkeeten. De Kriibs kann erausoperéiert ginn. Bei Chemotherapie gi mëttels Medikamenter d’Kriibszellen zerstéiert. Oder och Stralen- an Immuntherapie kënnen am Kampf géint de Kriibs agesat ginn.

Am Ausland gëtt et deelweis grausam Saachen, déi mat Kriibspatiente gemaach ginn, erkläert den Onkolog aus dem CHL.
“Do hat ech effektiv scho Leit, déi mat Schlaangegëft behandelt gi sinn, mat hirem eegenen Urin behandelt gi sinn, also grausam Saachen. Oder mat där berüümter Hypothermie, wat ganz vill an Däitschland gemaach gëtt. Wou et souguer Klinicke gëtt vun theoreetesch op d’mannst um Pabeier seriöe Leit, déi dann do niewelaanscht ganz vill Sue verdénge ginn.”
All déi soi-disant Traitementer géifen déi betraffe Leit ganz vill Sue kaschten. Dramatesch fënnt den Dr. Berchem, dass Patiente gesot kréien, se sollen net méi bei hiren Dokter goen. Hien hätt selwer scho Patiente gehat, déi esou Saache probéiert hunn an no enger gewësser Zäit voller Metastasen zréckkomm sinn. Esou ee Patient hätt ee leider eemol pro Joer.
“Den Zäitverloscht am fréien Traitéieren ass net méi opzehuelen.”
Zu Lëtzebuerg kennt den Dokter aus dem CHL keng selwer ernannt Spezialisten, déi behaapten, se kéinte Kriibs heelen. Wuel géif et zu Lëtzebuerg vereenzelt Confrèrë ginn, déi manner un evidence-based Medezin gleewen, mee bei seriöe Krankheete wéi Kriibs oder Häerzkrankheete géifen déi d’Fanger ewechloossen.
“Ech hunn awer eigentlech ni schlecht Erfarunge mat hinne gemaach. Déi maachen hire Patienten oder onse Patienten da Behandlungen, wou se soen, jo, da verdrot der d’Chimio besser. A psychologesch ass dat och oft ganz akzeptabel, awer si këmmere sech guer net ëm déi richteg Behandlung, also d’klassesch Behandlung vum Kriibs.”
Fir Kriibs gutt ze behandelen, soll e fréi erkannt an déi richteg Diagnos gestallt ginn. Esou kéint een och mat Zäite mat der richteger Therapie ufänken. Den Dr. Berchem: “Broschtkriibs mat Schlaangegëft ze behandelen, dat geet net.”
Patiente solle bei hir klassesch Doktere goen, esou d’Recommandatioun vum Expert, wann een awer bei aneren Hëllef sicht, soll een dat transparent mam Onkolog uschwätzen.
“A wa si da vun engem aneren Dokter Vitaminne kréien, da kënne se dat jo mat hirem richtege Kriibsdokter diskutéieren. An dann eben zesummen decidéieren, wat se wëlle maachen, awer virun allem mat de Leit schwätzen an net, einfach net méi erëmkommen.”
Wann Dir Kontakt mat der Redaktioun wëllt ophuelen, maacht ee Mail un dossier@rtl.lu