An dat dierft virun allem d’Stater Geschäfter freeën. Well an de Chinesen hu se eng kaf-kräfteg Clientèle fonnt. Mee wat gefält de Chinesen am beschten zu Lëtzebuerg? A wat gëtt gemaach, fir dass si sech hei wuelfillen?Wéi d’Chinesen ticken, weess de Yong Zhang. Wéi hien 10 Joer al war, ass hie mat senger Famill vu China op Lëtzebuerg komm. Seng Elteren hunn an den 80er e Restaurant zu Réimech opgemaach, an de Yong huet viru méi wéi 10 Joer seng eege Rees-Agence gegrënnt.
Zesumme mat sengem Brudder Xiang organiséiert hie Reese vu Lëtzebuerg a China an Asien, awer och Reese fir Chinesen, déi Lëtzebuerg wëllen entdecken. Bei de Pauschal-Touriste wier Lëtzebuerg awer meeschtens just eng kuerz Etapp vun enger méi grousser Europa-Rees, den Openthalt begrenzt sech op puer Stonnen oder eng Nuecht. Dat wëll de Yong änneren.
Hie konzentréiert sech op d’Individual-Touristen, déi a méi klenge Gruppe kommen, a proposéiert hinnen, zwou bis dräi Nuechten zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Duerch lëtzebuergesch Soiréeë versicht hien, senge Rees-Gruppen een authentescht Erliefnes ze bidden.
Vun 2008 bis 2017 hunn d’Iwwernuechtunge vu chineseschen Touriste sech méi wéi verduebelt, mat ronn 42.000 Nuechten am Joer 2017. Lëtzebuerg als Vakanzen-Destinatioun hätt och duerch d’Welt-Expo zu Shanghai u Popularitéit gewonnen, wou de Grand-Duché jo ee Pavillon hat. Ma besonnesch als Finanzplaz wier Lëtzebuerg a China bekannt, dat well grouss chinesesch Banken hiren Europa-Sëtz bei eis opgebaut hunn.
Mee zu Lëtzebuerg kann een net just Sue maachen, mee och Suen ausginn. An dat maachen d’Chinesen am léifsten a Luxus-Butteker, weess d’Anne Darin vum Stater Geschäftsverband. Do dernieft wiere Kosmetikartikelen a Poschen immens beléift.
1.780 Euro gëtt ee chineseschen Tourist an der Moyenne zu Lëtzebuerg aus. A fir et där Clientèle nach méi einfach ze maachen, hir Sue leien ze loossen, huet de Geschäftsverband ganz Broschüren an een Internetsite op chinesesch erausbruecht, mat Informatiounen iwwer Lëtzebuerg a ganz ville Shopping-Tipps. A fir d’Geschäftsleit proposéiert d’UCVL eng Formatioun, wou een de richtegen Ëmgang mat chinesesche Cliente léiert.
De Jérôme Lenertz huet bei sou enger Formatioun matgemaach. Hie schafft als Vendeur an der Stad a wollt méi iwwer déi chinesesch Kultur, hiert Shopping-Verhalen, awer och ugepasst Verkaf-Technike léieren. An do misst een op vill Saachen oppassen, verréit eis de Jérôme. Verschidde Faarwen oder Zuele géingen net gutt ukommen, well se an hirer Kultur eng besonnesch Bedeitung hunn. Wéi zum Beispill d’Zuel 4, déi mam Doud associéiert gëtt. Kommunizéiere wier awer dat schwéierst, egal ob verbal oder non-verbal.
Zu de Plazen, déi d’chinesesch Touriste gär besichen, gehéieren d’Gëlle Fra, d’Kasematten, d’Alstad an de Palais. Am Gespréich mat hinne fanne mer eraus, dass se Lëtzebuerg schéi fannen, well et kleng a propper wier. Eent vun den Haapt-Argumenter ass awer d’Sécherheetsgefill hei am Land.