OGBL"D'Geschicht, déi d'Regierung zielt, bréckelt ëmmer méi"

RTL Lëtzebuerg
Fir den onofhängege Gewerkschaftsbond bleift de Solidaritéitspak eng frontal Attack.

Bei de Finanz-Resultater vun de grousse Boîte géing ee gesinn, datt d’Affäre fir vill Betriber an Aktionären nawell gutt lafen, sou heescht et am Schreiwes.

Op alle Fall géingen net all d’Entreprisë leiden am Moment, dofir wiere cibléiert Aiden néideg a richteg gewiescht.

Ma d’Regierung hätt an der Plaz den Index manipuléiert an hätt sech domat zum Handlaanger vum Patronat gemaach.

Den OGBL géing sech och weiderhin dogéint wieren, datt d’Kafkraaft vun de Leit bei alleguer d’Entreprisen eriwwer gaange wier.

Bei de Familljenzoulage géing d’Regierung zum Gléck Marche arrière maachen an dës vun der Manipulatioun ausschléissen. Dat, nodeems den OGBL an där Saach intervenéiert hätt.

Dëse Revirement géing awer weisen, datt de sougenannte Solidaritéitspak net bis un d’Enn geduecht wier.

PDF Schreiwes OGBL

Back to Top
CIM LOGO