Onfräiwëllegen DecrochageD'Geschicht vu Schüler, déi gezwonge sinn, mat der Schoul opzehalen

Claude Zeimetz
Am Schouljoer 2020/21 hunn 1.771 Jonker d'Schoul ofgebrach, déi meescht an der Beruffsausbildung. Ma net jiddereen deen ophält, mécht dat fräiwëlleg.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© RTL-Archiv

Et gëtt och verschidde Fäll vu Jonken, déi mat Schoul ophale mussen, well se néierens ënnerdaach kommen. Well fir si keng Plaz an engem Lycée ass. Wéi vill, dat geet aus de Statistiken net ervir. Mä der Union vun de Schüler a Studenten Unel no, kënnt et méi dacks wéi ee mengt.

Onfräiwëllegen Decrochage / Reportage Claude Zeimetz

Mir hätten do zum Beispill de Fall vun engem Jonke vu 16 Joer, deen no der 5e gezwongen ass, d’Gebai ze wiesselen, well a senger aler Schoul déi Formatioun net weider ugebuede gëtt. D’Famill klappt, ouni Succès, bei ganzer fënnef Lycéeën un a freet och beim Educatiounsministère ëm Hëllef, deen déi Concernéiert bei de Service National de Jeunesse orientéiert. Amplaz vun enger 4e, sou wéi d’Famill dat u sech gär gehat hätt, mécht de Jonken den Ament elo e Stage via den SNJ fir wéinstens kee Lach a sengem CV ze hunn. Ëffentlech temoignéiere wëll d’Famill net, aus Angscht virun negative Konsequenzen am weidere Schoulverlaf. D’Porte-Parole vun der UNEL, d’Estelle Née, wonnert dat net. Och si géifen dat dacks erliewen. Et wier ganz schwéier, Jonker ze motivéiere fir ze schwätzen, well se Angscht virun de Repercussiounen hunn.

“E grousse Problem zemools hei zu Lëtzebuerg ass, datt sech vill Schüler och net traue fir iwwert déi Ongerechtegkeeten ze schwätzen net an eng Schoul dierfen ze goen. Also et ass e Grondrecht an eng Schoul dierfen ze goen.”

D’UNEL schwätzt och vun engem “verstoppte Phänomen”. Betraff wiere besonnesch Jonker iwwer 16 Joer, déi also net méi schoulflichteg sinn. Respektiv Leit, déi eng präzis Formatioun ustriewen.

“Wou och duerch warscheinlech och e politesche Choix net sou vill Plazen ugebuede ginn. Ech denken do direkt un d’Léier als Mecanicien. Do gëtt et och nach dacks de Problem, datt ee kee Problem fënnt, well de Marché sou gestaut ass. An all déi Facteure maachen, datt verschidde Schüler eng méi laang Paus vun der Educatioun musse maachen.”

D’UNEL vermësst an dëse Fäll eng konkret Ënnerstëtzung a méi Informatioune fir déi Betraffen. Dobäi ass et net sou, datt et keng Ulafplaze géif ginn. Vill Leit wëssen einfach net, u wien se sech riichte sollen. E Service, dee spezifesch géint den Decrochage agéiert, ass nieft der Maison de l’Orientation nach d’Mediation scolaire. Mä och si ass nach net bekannt genuch dobaussen, muss d’Mediateur Lis de Pina selwer zouginn

“Ech géing soen, datt mer an deene véier Joer ëmmer méi bekannt gi sinn. Leider awer nach net genuch. Dat heescht um nationalen Niveau gëtt et nach ëmmer vill Servicer, respektiv vill Elteren déi net wëssen, datt mir existéieren.”

Souguer den Educatiounsministère selwer verweist awer net systematesch op d’Mediation scolaire, obwuel se dem Ministère direkt ënnersteet. Dobäi kann de Mediateur scolaire, eegenen Aussoen no, an iwwer 90% vun de Fäll eng Léisung fannen.

“Mir gesinn en “droit à l’éducation”. A wann e Schüler motivéiert ass a wann e wëll an d’Schoul goen, da setze mir eis wierklech zu 300% an, datt mir eng Schoul fir de Jonke fannen. Sief et mat verschidde Servicer vum Ministère, sief et hei intern. Mä wann ee wëll an d’Schoul goen, da soll een an d’Schoul goen”.

Tëschefro: “An déi aner spillen dann awer och mat?”

Lis de Pina: “Déi meescht jo. Dowéinst si mer jo do”.

Statistiken dozou, wéi vill Jonker souzesoen onfräiwëlleg d’Schoul ofbriechen, huet och d’Lis de Pina net. Duerfir géif hir de kompletten Iwwerbléck feelen.

An d’Statistike vum Educatiounsministère sinn onkomplett. Nëmme 17% hunn am Schouljoer 2020/21 iwwerhaapt e Grond fir den Decrochage uginn. Dovunner 1% Schüler, well se keen anere Choix haten, well se a kenger Schoul acceptéiert goufen. Déi ganz Realitéit spigelt dat bäi wäitem also net erëm. Dobäi kéint ee soen, och wann et nëmmen ee Schüler ass, ass et schonn ee Schüler ze vill, deen net mat der Schoul weiderfuere kann, just well kee Gebai en acceptéiert.

Wo sech de zwee Acteuren eens sinn, dat ass, datt déi grouss Diversitéit am Lëtzebuerger Schoulsystem mat vill ënnerschiddlechen Offeren e Wiessel vun engem an en anert Gebai sécher net méi einfach maachen.

Back to Top
CIM LOGO