Champions LeaguePSG dominéiert Liverpool bei 2:0-Victoire, Atlético klappt Barcelona

Jeff Birsens
De PSG war am Parc des Princes géint Liverpool déi kloer besser Ekipp an hätt de Match och gutt a gär mat e puer Goler méi gewanne kënnen.
Paris Saint-Germain's Georgian forward #07 Khvicha Kvaratskhelia (R) celebrates after scoring his team's second goal during the UEFA Champions League quarter-final first leg football match between Paris Saint-Germain (PSG) and Liverpool FC at the Parc des Princes stadium in Paris on April 8, 2026. (Photo by FRANCK FIFE / AFP)
De Khvicha Kvaratskhelia huet de verdéngten 2:0 fir PSG geschoss.
© AFP

E Mëttwoch den Owend stoungen an der UEFA Champions League déi zwee nächst Allersmatcher vun de 1/4-Finallen um Programm. Fir de PSG gouf et zu Paräis eng verdéngten 2:0-Victoire géint Liverpool, bei där ee sech aus Siicht vun de Reds glécklech schätze kann, datt dës net nach méi héich ausgefall ass. D’Goler vum Owend hunn den Desiré Doué an der 11. Minutt an de Khvicha Kvaratskhelia an der 65. Minutt geschoss.

Am spueneschen Duell konnt sech donieft dann nach Atlético Madrid mat 2:0 beim FC Barcelona duerchsetzen. D’Katalane waren no enger Noutbrems kuerz virun der Paus an Ënnerzuel geroden an hunn duerch de Fräistouss, deen doraus entstane war, och nach de Géigegol kasséiert. 20 Minutte viru Schluss war et dann nach den Alexander Sörloth, dee weider fir Atlético erhéije konnt.

D’Retourmatcher ginn den nächsten Dënschdeg gespillt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

PSG - Liverpool 2:0
1:0 Doué (11'), 2:0 Kvaratskhelia (65')

All d'Goler vum Match PSG géint Liverpool
Duerch d’Goler vum Desiré Doué a Khvicha Kvaratskhelia huet de PSG mat 2:0 gewonnen

PSG war am Parc des Princes vun Ufank un déi besser Ekipp a konnt no gutt zéng Minutten dann direkt mat der éischter richteger Chance a Féierung goen. Den Desiré Doué gouf lénks am Strofraum net wierklech gestéiert a säi Schoss, dee vum Gravenberch ofgefälscht gouf, ass dann am héije Bou iwwert de Golkipp gaangen an ënnert der Lat ageschloen. Liverpool wollt duerno de Match e Stéck méi u sech rappen, ma dat sollt op Dauer net wierklech geléngen an och gutt Golchancë ware vun de Reds net entstanen. Dogéint hat de PSG am Numm vum Kvaratskhelia, Doué an Dembélé eng Rei gutt Occasiounen op en zweete Gol. Mat enger héich verdéngter Féierung ass et fir d’Lokalekipp an d’Paus gaangen, déi sech mat engem Verhältnis vun 8:0 Golschëss eenzeg iwwer déi eege Chancëverwäertung kéint geiergert hunn.

Och nom Säitewiessel ass vun den englesche Gäscht am Spill no vir ze wéineg geschitt, sou datt dem PSG no enger weiderer klorer Chance dann an der 65. Minutt endlech den 2:0 gelongen ass. De Khvicha Kvaratskhelia gouf mat enger preziser Pass duerch d’Defense an de Strofraum geschéckt, huet dann nach een Defenseur an de Golkipp stoe gelooss a konnt dann de Ball flaach an de fräien Eck vum Gol schéissen. Gutt fënnef Minutten nom 2:0 huet den Arbitter dann op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems de Zaire-Emery vum Ibrahima Konaté, wéi et ausgesinn hat, am Strofraum zum Fale bruecht gouf. Nodeems sech den Arbitter dann awer d’Biller nach eemol ugekuckt hat, huet hie seng Decisioun awer nees berechtegterweis korrigéiert. D’Haushären hunn de Rescht vun der Partie souverän gespillt. Si haten d’Kontroll iwwert de Ball a sinn och nach déi eng oder aner Kéier virun de géigneresche Gol komm. Um Enn ass et awer beim 2:0 bliwwen.

Déi bescht Zeene vum Match PSG géint Liverpool
PSG war de ganze Match iwwer déi besser Ekipp

FC Barcelona - Atlético Madrid 0:2
0:1 Alvarez (45'), 0:2 Sörloth (70')

De Resumé vum Match FC Barcelona géint Atlético Madrid
Am spueneschen Duell huet sech Atlético Madrid mat 2:0 behaapt


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Artikel vum 7. Abrëll 2026

Back to Top
CIM LOGO