
En Donneschdeg de Moien, am Kader vun enger geplangter Interventioun um Reseau vun der Eltrona, wier, esou confirméiert de CEO vun der Eltrona, de Bart D'Olieslager, an engem Schreiwes, eng wichteg Leitung beschiedegt ginn. Dëst hätt zu de gréissere Problemer en Donneschdeg de Moie gefouert.
Dräi Véierel vum Reseau am Land wiere betraff gewiescht, wat awer an deem Fall just e Véierel vun hire Clienten ausgemaach huet. Wéi et heescht, haten d'Clienten tëscht 10.20 an 13.00 Auer keen Internet, dono sinn dunn d'Servicer nees no an no retabléiert ginn. Mëttlerweil ass de Problem komplett geléist, verséchert d'Eltrona weider.
D'Eltrona entschëllegt sech da bei all de Clienten, déi betraff waren an ënnersträicht, dass een aus dem Virfall eng Léier gezunn hätt, fir de Reseau an Zukunft besser virun esou Virfäll ze schützen.