
D’Police mécht och dëst Joer nees bei der europäescher Campagne “Speed“ mat. Dës ass vum 13. bis den 19. Abrëll a gëtt vum Netzwierk Roadpol organiséiert.
Zil vun der Aktioun ass et, géint iwwerdriwwe Vitess virzegoen. Et ass nach ëmmer eng vun den Haaptursaache fir déidlech Accidenter an Europa.
E wichtege Moment vun der Campagne ass de sougenannte “Speedmarathon“, deen dëst Joer de 15. Abrëll ass. Iwwer 24 Stonne ginn am ganze Land verstäerkt Vitesskontrollen duerchgefouert, besonnesch zu den Haaptverkéierszäiten. Eng Aktioun, déi gläichzäiteg a ville Länner an Europa organiséiert gëtt.
Fir d’Campagne méi no un d’Leit ze bréngen, setzt d’Police och op Interaktioun. Schonn e Freideg den 10. Abrëll, kënnen d’Bierger iwwer Instagram (@policelux) ofstëmmen, wou kontrolléiert soll ginn. Pro Regioun ginn zwou Plazen zur Auswiel gestallt.