Beetebuerg, Schuller, Kielen a BartrengBrigange konnte bei enger Serie un Abréch an Apdikte wéineg matgoe loossen

Christophe Hochard
Diana Hoffmann
An der lescht gouf an divers Apdikten agebrach. Ënnert anerem zu Beetebuerg, Schuller, Kielen a Bartreng.
D'Brigange konnte bei enger Partie Abréch meeschtens näischt matgoe loossen.
An der lescht gouf an divers Apdikten agebrach. Ënnert anerem zu Beetebuerg, Schuller, Kielen a Bartreng.

Abréch an Apdikten am Land - Reportage Diana Hoffmann

An der Nuecht vum 26. op de 27. Mäerz gouf eng Apdiktesch vu Beetebuerg aus dem Schlof gerappt. Hir Sécherheetsfirma hat ugeruff a matgedeelt, dass an hirer Apdikt en Alarm ausgeléist gi wier. Mat hirer Duechter ass si op d’Plaz gefuer. “Wei mir op der Plaz ukomm sinn, war d’Police scho sur place. Duerno hu mir zesummen d’Iwwerwaachungskamerae gekuckt. Mir konnte souguer d’Gesiichter vun deenen zwee Abriecher erkennen. Et schéngen och keng Professionell gewiescht ze sinn. Si hate keng Händchen un a waren och net kagulléiert. Si hu Fangerofdréck hannerlooss an een huet sech blesséiert, wéi en d’Dier opgebrach huet. Et waren och iwwerall Bluttspueren. A si haten net vill Zäit fir sech ëmzekucken, well gläich drop den Alarm bei der Sécherheetsfirma ausgeléist gouf”. Sou d’Danielle Becker-Bauer, Apdiktesch vu Beetebuerg am RTL-Interview.

Duerch d’Haapt-Entrée haten Onéierlecher sech Zougang verschaaft. D’Kamera-Opnamen hu festgehalen, dass sech zwou Persoune kuerz an der Apdikt opgehalen hätten. Geklaut gouf awer näischt. Weder Suen, nach Medikamenter. “Op der Kamera konnte mir nach gesinn, datt si haaptsächlech un de Keesen interesséiert waren. Dat ass allerdéngs komesch. Well an enger Apdikt gëtt net méi vill mat Boergeld bezuelt”, sou d’Apdiktesch am Gespréich. An der Kees wieren iwwer Nuecht souwisou keng Suen, temoignéiert d’Fra. D’Stupéfiants, also Betäubungsmëttel oder kontrolléiert Substanzen, géingen an engem Safe versuergt ginn.

Et war net déi eenzeg Apdikt, wou Brigange sech an de leschte Wochen an Deeg versicht hunn. Och zu Bartreng war an der Nuecht vum 31. Mäerz op den 1. Abrëll an eng Apdikt agebrach ginn, an et goufe Sue geklaut. Genee sou zu Schuller, wou sech am Dezember déi Onéierlech mat 1.400 Euro duerch d’Bascht gemaach hunn. Am Januar hat een et dann do nach eng Kéier versicht, mä ouni Succès. E weideren Abroch gouf et dann nach an der Nuecht vum 1. op den 2. Abrëll an enger Apdikt zu Kielen. Hei hunn déi Onéierlech fir 60 Euro Mënze geklaut.

D’Apdiktesch vu Beetebuerg fillt sech op alle Fall zanter dem Abroch e Stéck manner wuel. Fir d’Zäit vum Nuetsdéngscht gouf eng Kamera an der Entrée installéiert. “Des iwwerwaacht elo den Nuetsguichet. Sou gesi mir och, wie sech do präsentéiert”, sou d’Danielle Becker-Bauer. Den Apdikter vu Schuller huet dann nach erzielt, d’Police wier komm, fir den Abroch fir d’Assurance ze notéieren. Mä d’Beamten hätten duerchblécke gelooss, dass et net einfach wier, déi Schëlleg ze fannen. Schliisslech hätte si Kagullen an Händschen ugehat. Mee vill u Suen ze huelen, géif et an hiren Apdikte souwisou net, do waren d’Apdikter sech eens.

Back to Top
CIM LOGO