Nom Klamme vun Energiepräisser a SalairenWéi wierkt sech d'Hausse vun 3,8 Prozent beim Mindestloun op d’Gastronomie aus?

Serge Pauly
Iwwert d’Hausse vum Mindestloun gouf scho vill diskutéiert a gestridden. Wéi wierken sech déi 3,8 Prozent op d’Gastronomie aus? E Fallbeispill.
Nom Klamme vun Energiepräisser a Salairen
Wéi wierkt sech d’Hausse vun 3,8 Prozent beim Mindestloun op d’Gastronomie aus?

De Gabriel Boisante beschäftegt a sengen 10 Restauranten a Bistroen eng 280 Mataarbechter. Ronn een Drëttel dovunner verdéngt de qualifizéierten respektiv den net-qualifizéierte Mindestloun. Bei der Fro, wéi ee finanziellen Impakt déi rezent annoncéiert Hausse op säi Betrib hätt, dréckt hie sech ronderëm eng konkret Äntwert: “Am ganze Grupp sinn et 20.000 bis 30.000 Cocktaile, déi mir méi musse verkafen.”

Déi lescht véier Joer hunn d’Restaurateure scho mat diverse Präishausse bei der Energie, der Matière Première an de Salairen ze kämpfe gehat. Si kënnen déi Augmentatiounen awer nëmmen zum Deel un d’Cliente weider ginn. De Gabriel Boisante rechent vir, dass seng Präisser an där Zäit ëm 15 bis 20 Prozent an d’Luucht goungen. Méi wëllt hie senge Clienten net zoumudden. Och den neie Mindestloun wäert sech éischter op seng Margen auswierken: “Mir wäerte sécher keng systematesch Präishausse maachen. D’Erhéijung vun de Liewenskäschte betrëfft jiddereen, och jiddereen dobaussen. Fir op eng Plaz ze kommen fir eppes z’iessen oder eppes ze drenken, dat soll eppes sinn, wat jiddfereen sech leeschte kann. Mir wëlle kee Restaurant sinn, wou d’Leit 7 oder 8 eng Fläsch Waasser bezuelen.”

De Restaurateur an LSAP-Politiker Gabriel Boisante.
De Restaurateur an LSAP-Politiker Gabriel Boisante.
© Serge Pauly

Seng Salarieeë giffen sech iwwert d’Hausse vum Mindestloun freeën, an hie giff sech mat hinne freeën, seet de Gabriel Boisante. Mee hie fäert, dass seng Mataarbechter nëmmen op den éischte Bléck vun deenen 3,8 Prozent profitéieren: “Den Nieweneffet dovunner: dat fiddert d’Inflatioun. Den Haaptkäschtepunkt vun engem Foyer ass d’Wunneng. An op der Wunneng geschitt näischt. An déi Augmentatioun vum Salaire wäert do absolut keen Impakt hunn. Ganz am Géigendeel: op deenen déieren Aspekter vun engem Foyer wäert dat ee prozentualen Effekt hunn. Et ass also méiglech, dass doduerch d’Aarmut an d’Schéier tëschent Aarm a Räich nach méi an d’Breet geet.” De Patron mat LSAP-Parteikaart kritséiert: d’Regierung giff d’Responsabilitéit fir dass et de Leit besser geet, op Patrone vu klenge a mëttelstännesche Betriber ofwälzen. Eng Hausse vum Mindestloun giff net duergoen, et bräicht och eng sozial Steierreform a Mesure fir abordable Wunnraum.

Back to Top
CIM LOGO