Pünktlech um 14:40 Auer e Freideg sinn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie zu Wuermer ukomm. Hei goufe si vum Chamberpresident Claude Wiseler, dem Ekonomie-a Tourismusminister Lex Delles an dem Wuermer Buergermeeschter Claude Pundel empfaangen.
Duerno ass et zesumme mam Inneminister Léon Gloden an de Buergermeeschtere vun den 21 Musel-Gemengen u Bord vun der "Princesse Marie-Astrid" op Éinen gaangen, wou d'groussherzoglech Koppel scho vu ville Leit erwaart gouf. Pünktlech um 15 Auer huet d'Schëff zu Éinen ugeluecht an nodeems de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sech am Gëllene Buch vun der "Marie-Astrid" agedroen hunn, ass et u Land gaangen.
Empfaange gouf d'Koppel vun dem siwe Joer jonke Lena, dat der Groussherzogin e Bouquet Blummen iwwerreecht huet. Duerno hunn 110 Schoulkanner aus dem Cycle 3 e Lidd fir d'Koppel gesongen. D'Stéck "Mir wénke rout-wäiss-blo" hu si zanter der Rentrée geprouft.
Bei herrlechem Summerwieder an Temperaturen, déi net wäit ewech vun 30 Grad loungen, koumen och ganz vill Leit op Éinen. Vill rout-wäiss-blo Fändele waren ze gesinn. D'Joyeuse Entrée vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie op der Musel wollt kee verpassen.
Duerno goung et dann op de Site "Puddel", wou fir d'éischt eng Visitt vum lokale Maart "Miseler Genoss" um Programm stoung. Hei huet déi groussherzoglech Koppel fënnef Produzente vu lokale Produite begéint a sech mat hinnen ausgetosch.
Duerno stoungen dann d'Voleten Educatioun, Gesellschaft a Benevolat un. Net feelen duerft do natierlech eng Renconter mat de Wuermer Scouten. De Chef-Scout Guillaume huet et sech dann och net huele gelooss, mat de Scoute Marshmellowen ze grillen a Bouneschlupp z'iessen.
Duerno goung et da weider bei d'Wuermer Pompjeeën.
Net feelen dierf op der Musel natierlech och de Wäibau. De Groussherzog an d'Groussherzogin kruten erkläert, wéi eng Innovatiounen et an der Miseler Viticulture ginn, ënner anerem den Asaz vun Dronen a vu Schof.
Um 16:35 Auer war dann am grousse Festzelt den Optakt vun den Ofschloss-Festivitéite vun der Joyeuse Entrée. Ma éier et lass gaangen ass, haten de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse nach eng Renconter mat de Vertrieder vun de Betreiungsstrukture fir eeler Leit. An deem Kader hat dann och déi 107 Joer al Pauline Becker-Blasius d'Geleeënheet, dem Grand-Duc d'Hand ze ginn, a sech mat him ze ënnerhalen. Déi eelste Persoun aus dem Land war dann och houfereg, wärend der Ofschlossfeier nieft dem Groussherzog kënnen ze sëtzen. De Protokoll gouf dowéinst deementspriechend ugepasst.
Fir de musikalesche Programm vun der Ofschlossfeier huet d'Chorale grand-ducale Sainte Cécile vu Wuermer gesuergt.
Als Ofschloss-Kaddo krut d'groussherzoglech Koppel dann e Bild vum Kënschtler Mathis Toussaint. Den Tableau erzielt engersäits d'Geschicht vun der Koppel an anerersäits déi vum Oste vum Land.
Duerno hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse op Invitatioun vum Wuermer Buergermeeschter Claude Pundel mat engem symbolesche Patt aus dem Wäibuer ugestouss an esou den Éierewäin offiziell lancéiert.
Kuerz no 17 Auer goung d'Joyeuse Entrée op der Musel fir d'groussherzoglech Koppel op en Enn. Den 11. Juni 2027 geet et op Miersch an eng weider Joyeuse Entrée ass d'nächst Joer zu Biekerech.