Reaktiounen op neie CovidCheck-RegimeD'Horesca an den OGBL stelle sech déi nämmlecht Froen

RTL Lëtzebuerg
Fir den OGBL besteet nach vill Diskussiounsbedarf, no de Mesuren, déi de Premier an d'Gesondheetsministesch annoncéiert hunn.
Reaktiounen op den neie CovidCheck-Regime
Fir den OGBL besteet nach vill Diskussiounsbedarf no de Mesuren déi de Premier an d'Gesondheetsministesch annoncéiert hunn.

D'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, d'Nora Back, bedauert, datt d'Regierung am Virfeld net mat de Gewerkschafte geschwat hätt.

Dat hei wier e Cavalier seul vun der Regierung a wat de CovidCheck an de Betriber ugeet, wier nach villes onkloer.

"Wat passéiert mat deem Salarié, dee Moies ukënnt a säin Test net huet? Wou gëtt deen higeschéckt? Wat geschitt mat deem? Et dierf op kee Fall dozou féieren, datt déi Leit dann e Lounverloscht hunn oder hir Aarbecht verléieren. Do wiere mer eis als OGBL, dat loosse mer net zou!"

D'Gewerkschaft ass och net domadder d'accord, datt déi Salariéeën, déi net geimpft sinn, hir Tester da selwer musse bezuelen. Dat kënne jo séier Käschte vun e puer honnert Euro de Mount ginn. D'Horesca stellt sech déi selwecht Froen, wéi den OGBL.

"Wat maache mer mat engem, dee sech net wëll teste loossen an dee mer keen Zertifikat wëll weisen?" freet de Generalsekretär François Koepp.

"Dat heescht, datt ass e Refus de Travail an da verweist d'Gesondheetsministesch drop, datt do d'Aarbechtsrecht zoustänneg ass.

Wat heescht dat? Heescht dat, datt mer deen erauswerfen? Wann ech schonn haut net genuch Salariéeën hunn, werfen ech en dann eraus, fir en a 6 Wochen erëm anzestellen?"

De François Koepp ass sech sécher, datt dat alles net klappe kann.

Hie bedauert och, datt all Kéiers den Horeca-Secteur de Sënnebock ass, dee Secteur dee fir alles kann.

"Wann dat esou wier, da misste jo bei eis all déi Clustere sinn. Da missten d'Leit sech jo all bei eis infizéieren."

RTL-Artikel: CovidCheck-Regime méi streng: "Mesurë maache Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel, mä mir hu kee Choix"

Back to Top
CIM LOGO