CovidCheck-Regime méi streng"Mesurë maache Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel, mä mir hu kee Choix"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Premier Xavier Bettel e Freideg de Mëtteg op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Pressekonferenz vum Paulette Lenert a Xavier Bettel
Op der Aarbechtsplaz kann e fräiwëllege CovidCheck agefouert ginn. Dat souwuel an der Fonction publique wéi am Privatem.

Neit Covid-Gesetz / Reportage Diana Hoffmann

“Mir sinn eis bewosst, dass mer mat dëse Mesuren d’Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel maachen, mee mir hu kee Choix”, esou de Xavier Bettel. De Premier huet annoncéiert, datt mam neie Gesetz, dat an 10 Deeg a Kraaft trëtt, de CovidCheck-Regime obligatoresch gëtt iwwerall bannen am Horeca-Beräich, grad wéi bei Fräizäitaktivitéiten dobannen.

Op der Aarbechtsplaz kann e fräiwëllege CovidCheck agefouert ginn. Dat souwuel an der Fonction publique wéi am Privatem.

Leit, déi net wëllen noweisen, datt si geimpft, nees gesond oder negativ getest sinn, dierfen deen Ament dann net méi eragelooss ginn. Do, wou kee CovidCheck ass, gëlle weider déi sanitär Mesurë vun elo. Et kann een awer kee Selbsttest méi maachen, esou de Xavier Bettel. Dat gëllt awer réischt vum 1. November un:

“Leit, déi net geimpft oder genese sinn, musse wéi bis elo en negativen Test och virweise kënnen. Mir wëssen awer, datt et och Abuse gi si bei Autotester, bei Selbsttester, déi op der Plaz gemaach gi sinn. Dofir wäerte mer dës Selbsttester net méi beim CovidCheck akzeptéieren. Dat gëllt souwuel fir de Fräizäitberäich, wéi och op der Aarbecht. Mat Ausnam vun de Klinicken, Alters- a Fleegeheemer a Schoule gi vum 1. November u just nach zertifiéiert Schnelltester acceptéiert, déi vu qualifizéiertem medezineschem Personal och duerchgefouert goufen.”

Dat neit Gesetz soll bis den 18. Dezember a Kraaft bleiwen. Wann den Impftaux op 80-85 Prozent klamme géing, géingen d’Mesuren nees zréckgezu ginn, esou de Premier.

Aktuell sinn 73 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer hei am Land, also vun deenen, déi sech kënnen impfe loossen, fäerdeg geimpft, dat sot de Premier Xavier Bettel virun der Press. Trotz breeder an onkomplizéierter Offer géing den Impftaux also aktuell stagnéieren.

Dowéinst ginn elo 2 Impfzenteren nees op. Zu Ettelbréck an um Belval kann ee sech vum 16. Oktober bis de 16. Dezember ouni Rendezvous vaccinéiere loossen. Fir laang Waardezäiten ze vermeiden, kann een och am Viraus e Rendezvous op impfen.lu huelen. Dëst ass vum 12. Oktober u méiglech.

D’Situatioun an de Spideeler wier mat fënnef Leit op der Intensivstatioun aktuell nach gutt, ma et géing ee sech Suerge maache fir de Gesondheetssystem fir déi nächst Wochen, well ee misst vu méi Infektiounen an de Wanterméint ausgoen. An deene Gemengen, an deene bis ewell am mannste Leit geimpft sinn, sollen dofir elo zousätzlech Méiglechkeeten ugebuede ginn, fir sech impfen ze loossen.

De Xavier Bettel huet net ausgeschloss, dass mëttelfristeg kënne sanitär Mesuren ofgeschaaft ginn. Dat awer nëmmen, wann den Impftaux op 80 bis 85 Prozent klëmmt.

“Et läit elo un deene Leit, déi net geimpft sinn’’, esou de Premier. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet en Appell gemaach, solidaresch ze sinn.

D’Pressekonferenz am Replay

Schreiwes

Réouverture temporaire des centres de vaccination à Ettelbruck et Esch/Belval (08.10.2021)

Communiqué par: ministère d’État / ministère de la Santé

Afin de proposer à toutes les personnes qui ne sont pas encore vaccinées contre le coronavirus, une opportunité supplémentaire de pouvoir se faire vacciner sans trop de formalités administratives, le gouvernement a décidé la réouverture exceptionnelle des deux centres de vaccination à Ettelbruck et à Esch-Belval, pour la période du 16 octobre au 16 décembre 2021.

À l’instar du centre de vaccination Hall Victor Hugo à Luxembourg-Limpertsberg, il sera également possible de se faire vacciner spontanément, donc sans rendez-vous au préalable, dans les deux centres, qui seront ouverts à partir du 16 octobre aux horaires suivants:

• Lundi: 13-19 heures
• Mardi-Vendredi: 7-19 heures
• Samedi: 7-13 heures

Pour éviter des éventuels délais d’attente, il est également possible de fixer un rendez-vous en indiquant son matricule, via le site www.impfen.lu à partir du mardi 12 octobre 2021. Le 2e rendez-vous sera communiqué aux personnes respectives lors de leur passage dans le centre de vaccination.

À noter que la 2e dose sera administrée après un délai de 4 semaines dans le même centre de vaccination pour les personnes vaccinées avant le 16 novembre. Les personnes ayant reçu leur 1re dose après le 16 novembre pourront se rendre soit au centre de vaccination Hall Victor Hugo, soit dans un des cabinets médicaux participant à la campagne de vaccination (cf. liste sur https://covid19.public.lu/fr/vaccination/prendre-rendez-vous.html).

Centre de vaccination Esch Belval:
Maison des matériaux / Bâtiment Nord
30, avenue des Hauts-Fourneaux
L-4365 Esch-sur-Alzette

Centre de vaccination Ettelbruck:
Hall des sports CHNP
Rue du Deich
L-9012 Ettelbruck

Rappelons encore que les prochains passages du «Impf-Bus on tour» peuvent être consultés sur www.covidvaccination.lu.

Lien(s) utile(s)
www.covid19.lu

Back to Top
CIM LOGO