
Dës Videoe krut d'Direktioun vum Lycée Nic Biever zu Diddeleng gewisen an huet och dorobber reagéiert. Et hätt een d'Schüler kéinten identifizéieren. Doropshi goufen d'Eltere kontaktéiert an an de Lycée convoquéiert. Donieft gouf och d'Police ageschalt an zwee Schüler goufen um Kommissariat verhéiert.
Weider huet de Lycée de Conseil de discipline ageschalt an dee wäert vun e Mëttwoch un zesumme sëtzen, fir eng Decisioun ze huelen, wéi et soll weidergoen.
Aus Solidaritéit mam Affer, huet den F91 Diddeleng sech dann och op Facebook solidaresch gewisen, dat mat engem Video an engem spezielle Kaddo.