DigitalisatiounDiggi Pack: LCGB wëll Rechter vu Salariéë stäerken

Dany Rasqué
"D'Digitalisatioun ass e Fakt, mä se dierf keen digitale Gruef an der Gesellschaft entstoe loossen."
© RTL-Grafik

Dat huet den Nationalpresident vum LCGB, de Patrick Dury ënnerstrach, wéi en en Donneschdeg den Diggi Pack virgestallt huet. Dat ass e gewerkschaftlechen Aktiounsprogramm, deen d'Rechter vun de Salariéë soll stäerken.

LCGB: Diggi Pack - Reportage Dany Rasqué

Den LCGB fuerdert zum Beispill, datt et e präzise legale Kader muss gi fir déi nei Forme vun Aarbecht, déi entstinn, d'Salariéë mussen och déi technesch Mëttel zur Verfügung gestallt kréien, déi se brauchen an natierlech anstänneg sozial verséchert sinn.

Dann ënnersträicht d'Gewerkschaft, datt d'Privatliewe vun de Salariéë muss geschützt ginn a pocht drop, datt d'Leit net dierfen ausserhalb vun hirer Aarbechtszäit iwwerwaacht ginn an e Recht drop hunn, den Handy an de Computer no Feierowend auszemaachen.

Da muss de Salarié – an den Ae vum LCGB- e Recht op Formation continue kréien a betount d'Gewerkschaft, wann et duerch d'Digitalisatioun zu enger Produktivitéitsverbesserung kënnt, da muss een och iwwert eng Aarbechtszäitverkierzung schwätzen.

PDF: D'Presentatioun vum Diggi Pack

Back to Top
CIM LOGO