
Digitalisatioun an Nohaltegkeet, dat sinn déi zwee Haaptpunkte vun der Strategie vu LuxInnovation fir déi nächst 3 Joer. Beim “Media Breakfast” huet d’Direktesch betount, datt déi gréissten Erausfuerderung fir d’Agence wier, de Betriber ze hëllefe kompetitiv an nohalteg ze funktionéieren a sech ze digitaliséieren.
D’Sasha Baillie huet awer an engems betount, datt et vill Moyenen dofir géife ginn an ënnert anerem och Ënnerbesetzung vum Staat. LuxInnovation soll de Rôle vum Facilitateur spillen an hätt eng Partie Defien:
D’ass dat accessibel ze maache fir d’Entreprisen, verständlech ze maachen an hinnen um Wee vun der Transformatioun ze hëllefen.
D’Betriber wiere sech bewosst, datt ee muss nohalteg an digital sinn, ma eng ganz Partie Entreprisë bräichten awer Hëllef dobäi, erkläert d’Direktesch vu LuxInnovation. Et hätt ee mat ganz ënnerschiddlechen Entreprisen an dofir och ënnerschiddleche Besoinen ze dinn:
Do sinn der déi dat positiv a proaktiv uginn a gesinn, datt se duerch Digitalisatioun en anere Marché kënnen areechen, duerch aner Moyenen.
Donieft géifen et och déi Entreprisë ginn, déi selwer no Solutioune sichen:
Dat kënne Startuppe sinn, mee och grouss Entreprisen, déi selwer e Vecteur vun der Innovatioun an der Transformatioun vun eiser Ekonomie. Si si Facilitateur dobäi, wat wichteg ass. An där hu mer der och vill zu Lëtzebuerg.
Datt Lëtzebuerg sou e klengt Land ass gesäit d’Direktesch vu LuxInnovation als e Virdeel. Et hätt ee ganz ënnerschiddlech Acteure ganz no beieneen, wat villes vereinfache géif:
Mir sinn och direkt un déi europäesch Decideure connectéiert. Mir kënnen also e richtege Kader setzen, wat eng Force ass.
Et hätt ee sécherlech ëmmer den Defi vun der Capacitéit a kéint een net an all Beräicher Expert sinn, huet d’Sascha Baillie nach zouginn.
D’Strategie 2022-2025 vu LuxInnovation gëtt an den nächste Wochen dann och offiziell vum zoustännege Minister Fayot presentéiert.