Am Kader vun de Sozialwalen ass och d'Digitaliséierung e wichtegt Thema. D'Gewerkschafte maachen virun allem opmierksam op d'Risiken, déi duerch nei Prozesser op d'Aarbechtswelt duerkommen. An och wann et e grousst Potential gëtt, wéi z.B. den Télé-Travail, esou misst een awer géint d'Gefore virbauen.
Op der Uni Lëtzebuerg sinn eng 1.700 Employéë vollzäit agestallt, dorënner en 500 wëssenschaftlech Mataarbechter. Am Juni d'lescht Joer huet den OGBL hei en neie Kollektivvertrag ausgehandelt, an do steet eng Klausel dran, déi op den digitalen Zäitalter gemënzt ass: den Droit à la déconnection.
Aner wichteg Froe sinn d'Protektioun vum Salarié wärend senger gesamter professioneller Carrière, den OGBL fuerdert hei zum Beispill eng Augmentatioun vum Finanzement vun der berufflecher Formatioun continue vum Staat an d'Kreatioun vun enger Formatiounstax fir Entreprisen.
Duerch d'Digitalisatioun entstinn nei Aarbechtsformen. An Däitschland an och hei am Land gëtt et zum Beispill Internet-Plattformen, iwwert déi een eng Botzfra buche kann. Eng grouss Gefor ass hei d'Prekarisatioun vun der Aarbecht, d'Entstoe vu Faux-Independanten. An hei misst een d'Leit ofsécheren. Den LCGB fuerdert e klore Kader am Code du travail, deen deene neien Aarbechtsforme Rechnung dreet.
A Beräicher, wou de Statut als Independant besser wär, misste minimal Standarden funktionéieren. D'Deelzäit-Aarbecht wäert zouhuelen. Zäitspuerkonte kënnen den Employéen an Zukunft eng méi grouss Flexibilitéit an der Aarbechtszäit- a Liewenszäitgestaltung bidden. Den digitalen Ëmbroch misst awer sozial gestallt ginn, dora si sech d'Gewerkschaften eens.