PoliceDirekt op 3 Schantercher gouf agebrach

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf zu Bartreng, Schëtter an an der Stad op Schantercher agebrach. Et goufe Maschinnen an Aarbechtsmaterial geklaut.

Agebrach gouf op engem Schantjen zu Bartreng an der route de Longwy. Do goufen e puer Maschinne geklaut.

Och zu Schëtter an der rue de Neuhaeusgen gouf an e Baucontainer agebrach. Hei hunn déi Onéierlech diverst Aarbechtsmaterial matgoe gelooss.

Da gouf et nach en Abroch op e Schantjen an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier.

Back to Top
CIM LOGO