
Op enger dovu gouf d’israeelesch Gewalt géint déi palästinensesch Zivil-Populatioun verurteelt, dëst esouwuel an der Gazasträif ewéi och am Westjordanland. De Comité pour une paix juste au proche-orient, deen d’Demonstratioun organiséiert huet, fuerdert d’Lëtzebuerger Regierung dozou op, beim internationale Geriichtshaff ze intervenéieren an d’südafrikanesch Plainte géint Israel zu Den Haag ze ënnerstëtzen. Dernieft sollt d’Bombardementer op Gaza direkt gestoppt, an humanitär Hëllef eragelooss ginn.
Net wäit ewech an der Stad, huet de Comité “Bring them home” manifestéiert. Hei goung et ëm d’Geiselen, déi d’Hamas nach ëmmer festhält. Bei hirer Attack op Israel de 7. Oktober hat Hamas, eng 250 Mënsche verschleeft. Dorënner och kleng Kanner. Nëmmen en Deel vun hinne koum bis ewell fräi. D’israeelesch Regierung kritt reprochéiert, net genuch fir hier Liberatioun ze maachen.