
Komplikatiounen erwaart ee sech nämlech wéinst der Präishausse vun de Matières premières. Den Direkter vun der Brauerei seet sech awer dorop virbereet, esou dass keng Hausse vum Béierpräis geplangt sinn.
Den Direkter Mathias Lentz seet et géing versicht ginn, esou vill wéi méiglech vun de Präisproblemer ze amortiséieren. Et hätt een och speziell Kontrakter mat Fournisseuren, déi dofir suergen, dass een net direkt eng Augmentatioun vum Präis fir de Konsument misst virgesinn.
D’Hoffnung ass, dass am Summer nees méi ka gefeiert ginn an dass d’Wieder gutt gëtt, well dann och méi Béier gedronk gëtt. Allgemeng wier een net onzefridde mam Joer 2021, ma et wier awer kee Verglach mat 2019, well zejoert awer nach vill Restriktioune wéinst der Pandemie en place waren. Fir dëst Joer erhofft ee sech nees méi Normalitéit.