EnregistrementDirekter Romain Heinen geet den 1. Oktober 2024 an d'Pensioun

RTL Lëtzebuerg
U sech sollt säin aktuellt Mandat nach bis 2027 lafen.

De Romain Heinen, Direkter vum Enregistrement, geet op den 1. Oktober dat nächst Joer an d’Pensioun. Säin aktuellt Mandat wier am Fong nach bis 2027 gelaf, well et 2020 fir weider siwe Joer erneiert gi war. Den entspriechenden Arrêté grand-ducal fir dem Romain Heinen seng Demissioun gouf op seng Demande hi geholl. Hien hat déi Demande awer nach ënnert der blo-rout-grénger Regierung gestallt a si gouf elo vum neie Finanzminister Gilles Roth approuvéiert.

De Romain Heinen stoung zanter 2006 un der Spëtzt vum Enregistrement, wou hien de Paul Bleser ofgeléist hat. Do virdru war hien zéng Joer laang am Finanzministère fir den Enregistrement an de Kadaster zoustänneg. Do hat hien 1984 ugefaangen a sech aus der Carrière moyenne an déi iewescht Karriär eropgeschafft.

Wärend der Walcampagne hat de Romain Heinen op Nofro erkläert, datt dat vun der CSV versprachent Erofsetze vun der TVA Logement fir Investisseure wéinst der europäeschen TVA-Direktiv net méiglech wieren an domat direkt dem deemolege CSV-Spëtzekandidat an haitege Premier Luc Frieden widdersprach.

Back to Top
CIM LOGO