Europäesch ËmweltagenceDirektesch Mononen op Aarbechtsvisite zu Lëtzebuerg

Céline Eischen
Lëtzebuerg wier e gudde Schüler a Saachen Informatiounsaustausch, bei den erneierbaren Energië wier awer nach Loft no uewen.
© Celine Eischen

D'Direktesch vun der Europäescher Ëmweltagence Leena Ykä-Mononen war e Mëttwoch an en Donneschdeg fir eng Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Zil vun der Visite ass et, d'Zesummenaarbecht tëscht der Agence an den nationalen Institutiounen awer och der Regierung ze stäerken, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes. Lëtzebuerg wier dann och der EEA no ee gudde Schüler.

Mat hiren Analysen a Länner-Rapporten ass déi Europäesch Ëmweltagence e wichtege Pilier, op Basis vun deem déi national Regierungen hir Mesuren ausschaffen. Dofir brauch et fiabel Donnéeën aus de verschiddenen Member-Länner a genee hei soll d'Zesummenaarbecht tëscht der EEA an der Regierung ausgebaut ginn, wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes am RTL-Interview preziséiert. Besser Donnéeën a Saache Loftqualitéit soll een neie Super-Site um Kierchbierg bréngen:

"Grad och an dësem Summer, wou mer déi Dampwollek hei zu Lëtzebuerg iwwert eis kritt hunn, ass nach eng Kéier och dee Sujet Loftqualitéit méi an d'Bewosstsinn komm. Dat gëtt jo alles och scho gemooss. Et musse jo Direktiven, déi europäesch Direktiven, respektéiert ginn. Mir hu Miessstatiounen. Mee et feelt nach esou ee Super-Site, wou nach méi komplex kënnen Donnéeën erhuewe ginn. An dee gëtt elo um Kierchbierg gebaut. An déi Donnéeë wäerten herno erëm kënnen agespeist gi bei der Europäesch Ëmweltagence an da ka si eng besser Evaluatioun maachen."

Am leschte Country-Report hätt Lëtzebuerg dann net schlecht ofgeschnidden, ma op e puer Piste kéint ee sech awer méi dru ginn. Stéchwuert "erneierbar Energien". Do misst den elektresche Reseau ausgebaut a méi de-zentral opgebaut ginn.

Lëtzebuerg wier alles an allem ee gudde Schüler, esou d'Direktesch Leena Mononen. Dat besonnesch, wat den Austausch am Observatiouns- an Informatiounsreseau EIONET ugeet. A Saache Kreeslafwirtschaft kéint Lëtzebuerg nach nobesseren, mee och do bräicht et éischter Léisungen op europäeschem Plang:

"Besonnesch fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg wäerte mer hoffentlech Léisunge fannen, fir wirtschaftlech interessant Kreesslafwirtschaftsmodeller op d'Been ze stellen, déi iwwer d'Grenzen eraus ginn. Et brauch net just national Léisungen, mee och därer, déi eben och mat den Nopeschlänner kënnen ëmgesat ginn, well Lëtzebuerg och méi ee grousse wirtschaftleche Wierkungskrees huet."

D'Leena Ykä-Mononen huet awer och ënnerstrach, datt Klimapolitik op lokalem Plang genee esou wichteg wier.

Vun der Direktesch vun der EU-Ëmweltagence war et och nach de Message, datt et an der Klima-Politik scho laang net méi just ëm de Klimawandel geet. Och déi strategesch Autonomie an d'europäesch Sécherheet stéingen um Spill

Back to Top
CIM LOGO