Finanz- a BudgetskommissiounDiskussioune ronderëm déi staatlech Investitiounsbank SNCI

Annick Goerens
D'SNCI gouf an de 70er Jore gegrënnt, fir strategesch wichteg Secteuren a kleng a mëttelgrouss Lëtzebuerger Entreprisen z'ënnerstëtzen.
© RTL

Déi staatlech Investitiounsbank SNCI, hire Bilan 2018, hiert Fonctionnement an hir Strategie a punkto Participatiounen, Kreditter an Investitioune waren e Méindeg Haaptthema an der Finanz- a Budgetskommissioun um Krautmaart.

Finanz- a Budgetskommissioun - Reportage Annick Goerens

Ophänkert war inoffiziell awer och den Invest vun der SNCI an d'Space Firma "Planetary Resources". De Staat huet seng Parten dorunner jo Enn d'lescht Joer mat engem Verloscht vun 12 Milliounen Euro verkaf an elo ginn sech Froe gestallt.

D'SNCI gouf an de 70er Jore gegrënnt, fir strategesch wichteg Secteuren a kleng a mëttelgrouss Lëtzebuerger Entreprisen z'ënnerstëtzen, déi an der Zäit, wou d'Geld méi rare war, Problemer hate Kreditter bei de Banken ze kréien. D'SNCI ass deemno komplementar zu kommerzielle Banken.

Et gëtt Zäit, dass eng strategesch Diskussioun iwwer d'Participatioune vun der SNCI gefouert gëtt, erkläert den LSAP-Deputéierte Franz Fayot: „Op der enger Säit ob dat ëmmer musse Participatioune sinn oder ob et Kreditter solle sinn. Dir wësst, dass mer och nach d'Instrument hunn vun den aides RDI (aides recherche, développement et innovation n.d.l.r.), dat heescht wou mer kënnen Hëllefe ginn, un innovativ Betriber. An dat sinn 3 Instrumenter mat deenen ee muss jongléieren a wou ee muss au cas par cas sech froe wat de Richtegen ass. D'Participatioun ass natierlech ëmmer de Riskéiertsten. Do ass een Aktionär, dat si Suen déi à risque sinn. Wou den Upside natierlech méi héich ass, wei beim Kredit, ma den Downside natierlech och.“

Och fir d'CSV war et wichteg net iwwer eenzel Fäll wéi d'Planetary Resources ze schwätzen, ma als Chamberkommissioun senger Missioun gerecht ze ginn. Den Deputéierte Claude Wiseler dozou: „D'Chamber huet an hirem Reglement an am Gesetz stoen, dat mer d'Kontroll vun der SNCI reegelméisseg sollte maachen, ma dat ass bis elo quasi ni geschitt. Mir sinn der Meenung, dass mer an de nächste Jore reegelméisseg mat den SNCI sollen zesumme kommen, fir d'Aktivitéiten ze kucken, erkläert ze kréien a kënnen déi noutwenneg Froen driwwer ze stellen.“

D'Chamber misst éischter gewuer ginn, firwat de Staat an bestëmmte Betriber investéiert an an Anerer net an zweetens misst een driwwer nodenken e neit Instrument ze schafen: „Dat heescht quasi an anere Wieder: d'SNCI duerch 2 Instrumenter z'ersetzen. Éischtens e Kredit-Instrument op der enger Säit, eng Bank. An op der anerer Säit wierklech eng société d'investissment wou de Staat all seng Participatioune kéint zesummen huelen, professionell geréieren an eng Investissementsstrategie definéieren déi kloer an däitlech wär.

Dës Reflexioun wär och bei der Regierung net op daf Ouere gestouss. Elo wär ee gespaant wéi et viru geet, sou nach den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Back to Top
CIM LOGO