
E Bauere-Betrib als Jonken iwwerhuele bréngt nämlech dacks eng ganze Partie Contraintë mat sech, net just Finanzieller. Dowéinst war och eng däitsch Expert vun der Agrar-Fakultéit vun der Uni Bonn invitéiert, déi drop agaangen ass, wéi eng generatiounsiwwergräifend Defien et ginn.
De Wëlle vu ville Jonk, fir e Betrib ze iwwerhuelen, wier sécherlech do, sot eis e Méindeg de Moien am RTL-Interview de President vun der Lëtzebuerger Landjugend an Jongbaueren, de Charel Ferring. Net hëllefen, géif allerdéngs de groussen administrativen Opwand: “Heiansdo weess ee guer net richteg, wou een drun ass, an d’Leit hunn deels souguer Angscht, eppes falsch ze maachen oder eppes ze vergiessen.”
Mä leider wieren déi Oplage verflichtend, wat et dem Secteur wierklech net einfach géif maachen, sou de Charel Ferring. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an och d’Verwaltungen hunn e Sonndeg den Owend ervirgestrach, dass déi meescht Oplage leider vu Bréissel kéimen.
Iwwert den ominéisen Terme vun der “simplification administrative” géif een als Bauer dacks musse laachen, d’Realitéit wier nämlech leider de Contraire, sou de Charel Ferring. Trotzdeem, et géifen der weiderhi vill déi Loscht hätten, e Betrib ze iwwerhuelen. Vill Jonker hätte vill flott Iddie mat Produktiounen, déi och reell am Land gebraucht géifen, mä politesche Réckewand géif gebraucht.
Heiansdo géifen awer och familljenintern Welten openeentreffen, well déi Jonk aner Iddien hätten wéi déi Generatioune virdrun. An do muss ee wëssen, dass déi allermeescht Betriber hei am Land nach ëmmer Familljebetriber sinn.