Zesumme mam Logementsministère hat d'Jugendkonferenz, den Daachverband vun den Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen d'lescht Woch eng Table ronde iwwer d'Wunne fir Jonker zu Lëtzebuerg organiséiert. Wat huet dës Gespréichsronn bruet? Wat sinn déi spezifesch Besoine vu Jonke beim Wunnen a wéi wéilte si der Wunnproblematik am Land Meeschter ginn?
"Eng Wunneng fannen zu Lëtzebuerg ass schwéier, an dat besonnesch fir déi Jonk!" Sou d'Djuna Bernard, Presidentin vun der Jugendkonferenz, dem Daachverband vun den Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen, en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview.
Eng Wunneng kafen ass schwiereg, well do meeschtens e Prêt néideg ass, an dee verlaangt eng stabil Aarbechtssituatioun, déi awer net ëmmer ginn ass.
Also gëtt probéiert ze lounen, sou d'Invitée vun der Redaktioun weider, ma, do géif et och un enger Offer feelen, déi ee sech als Jonken ka leeschten.
D'Djuna Bernard ënnersträicht och, datt et de Jonken net méi prioritär ëm eng grouss Wunnenge geet, mä ëm Liewensqualitéit beim Wunnen.
Staat a Gemenge missen an deem Kontext hir Responsabilitéit huelen, sou d'Fuerderung vun der Presidentin vun der Jugendkonferenz, a bezuelbare Wunnraum schafen a sech och verstäerkt fir nei Wunnkonzepter asetzen.
Djuna Bernard mengt awer och, datt d'Wunnproblematik am Land net vun haut op muer ka geléist ginn, well een vill opzeschaffen hätt.
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie géint 10 op 8 war d'Presidentin vun der Jugendkonferenz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.