E Sonndeg war et nees sou wäit: d'Kannerkavalkad zréck zu Keel. Am traditionelle Cortège goung et eemol mat ville spektakuläre Kostümer, Konfetti an hoffentlech och ville Kamellen duerch d'Gemeng.
Zum Ofschloss gouf et dann och nees eng "After Kavalkad Party", dat an der lokaler Schungfabrik.