Méi grouss Auswiel a méi niddreg Präisser?D'Kooperativ E.Leclerc kënnt op Lëtzebuerg

Marc Hoscheid
Zanter dem 15. November gehéieren déi Lëtzebuerger Filiale vu Match, Smatch a Cora net méi zum belsche Grupp Louis Delhaize.
D'Kooperativ E.Leclerc kënnt op Lëtzebuerg
Zanter dem 15. November gehéieren déi Lëtzebuerger Filiale vu Match, Smatch a Cora net méi zum belsche Grupp Louis Delhaize.

Am Ganze si 27 Butteker a ronn 1.200 Salariéë vun deem Wiessel bei déi franséisch Kooperativ betraff. Nieft der Fro, wéi d’Zukunft vum Personal wäert ausgesinn, ass virun allem interessant, ob a falls jo wat sech fir d’Clienten ännert. Dat Wichtegst virop, all d’Salariéë sollen iwwerholl ginn. Dat huet de Chef vum Grupp, Michel-Édouard Leclerc, um Mëttwoch bei enger Visitt zu Lëtzebuerg ënnerstrach. Et géing sech ëm Leit handelen, déi an der Vergaangenheet eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht geleescht hätten an déi hir Cliente kenne géifen. Et hätt ee sech derfir entscheet, an de Grand-Duché ze kommen, well d’Situatioun gënschteg gewiescht wier a vill Residente souwisou schonn a Butteker vu Leclerc am noen Ausland akaaft hätten. Wat d’Offer ugeet, wäert et zu Ännerunge kommen.

“Nous allons bien évidemment changer les marques de distributeurs, parce qu’on va passer de Cora, Match à E.Leclerc. Donc il y aura une découverte, j’espère que ça sera satisfaisant.”

Datt d’Präisser erofgoe wäerten, huet de Michel-Édouard Leclerc zwar net direkt gesot, mee op mannst ugedeit.

“Notre réputation c’est, d’essayer d’être moins cher. Nous sommes pas des casseurs de marchés, nous sommes pas des discounters, mais nous voulons sur chaque gamme très large être les moins cher.”

E.Leclerc ass a Frankräich a 16 Kooperativen, déi SCAP genannt ginn, opgedeelt. De Serge Febvre ass President vum SCAPEST, an an där Funktioun och zoustänneg fir den Approvisionnement vu Lëtzebuerg. Do wéilt ee weider op lokal a regional Produiten setzen.

“Il y a bien sûr les produits luxembourgeois ou les produits de la Grande Région. Quand je dis la Grande Région, c’est des produits allemands, qui peuvent venir de l’autre côté de la frontière allemande ou belges ou français. Donc tous ces produits vont bien sûr continuer à être vendus de la même manière avec les mêmes fournisseurs.”

D’Austausche vun de verschiddene Logoe wäert nach net direkt ufänken an dierft och eng Zäitchen daueren. Genee wéi Verännerungen an de Geschäfter hin zu méi Nohaltegkeet. Verschidde Verpackunge wäerte verschwannen, dat awer nëmme lues a lues. Et dierft een net vergiessen, datt ee sech op engem Marché beweegt an et wier dacks de Client, deen decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO