Um Enn vun der parlamentarescher Sessioun an enger kompletter Legislaturperiod war et en Dënschdeg um Tour vun der ADR. Et war ee klenge Bléck no hannen an een décken Accent op dat, wat kënnt.
Bei deem wat war, läit der ADR weiderhin d’Verfassungsreform um Mo, well de Grand-Duc vis-à-vis vun der Regierung geschwächt gi wier an d’Land u Souveränitéit verluer hätt. Dat wier laanscht de Wieler geschitt. D’ADR wëll selwer eng nei Verfassung virschloen, déi un ee Referendum gekoppelt sollt ginn.
Wat d’politesch Präferenzen no de Walen am Hierscht betrëfft, sot de Fernand Kartheiser, dass an de meeschte Froen CSV an DP der ADR am Nooste wieren.
Et wéilt een zwar keng aner Partei ausschléissen, esou de Fernand Kartheiser, mä reng vun der Skala a vun der Iwwerteneestëmmung a verschiddenen Dossieren, zum Beispill Landwirtschaft, Schoul oder Kriminalitéit verbënnt eis méi mat der CSV, wéi mat anere Parteien.
D’ADR géif an esou enger Konstellatioun awer mat klore Fuerderunge kommen, mat deenen d’CSV Problemer hätt, well se do net staark genuch opgetruede wier, well bannent der CSV d’Meenunge ganz wäit ausernee ginn.
Bei de Wale steet bei der ADR ënnert anerem de Logement op der Lëscht vun de Prioritéiten. Op deem Plang misst de Staat a senger Zesummenaarbecht mam Privatsecteur méi féx sinn.
D’ADR wëll, dass Lëtzebuerg de Wuesstem kontrolléiert kritt a sech net iwwerschëlt. Déi individuell Besteierung bleift der Partei een Dar am A, well se d’Notioun vu Famill géif ofschafen. Bei de Steiertabelle soll den Index nees spillen.
Op de personelle Changement op der ADR-Ost-Léscht ugeschwat, wou ee Kandidat ausgewiesselt gouf, well hie vu senger riets-extremer Vergaangenheet ageholl gouf, sot de Fred Keup: Dat si jo deelweis Saachen, déi ganz laang hier sinn, 8, 9 oder 10 Joer. An ech mengen, et sinn awer Saachen, déi een esou net poste kann, wann ee wëll Kandidat sinn.
Dee Concernéierten ass och net méi bei der ADR aktiv.