Emotional Militärparad zu MierschSteve Thull huet Kommando iwwer Lëtzebuerger Arméi un de Claude Robinet iwwerginn

Pierre Jans
Julie Thilges
E Méindeg am fréien Nomëtteg war d'"Remise de la fonction d’état major" tëscht dem Generol Steve Thull an dem Colonel Claude Robinet.
Steve Thull iwwergëtt Kommando iwwer Lëtzebuerger Arméi un de Claude Robinet
Den 1. Oktober gëtt hien offiziell de Chef d'Etat Major.

Emotional Momenter e Méindeg am Park zu Miersch. An dat e bëssen iwwerraschend bei enger Militärparad, wou d‘Gesiichter dach awer meeschtens streng dra kucken.

Kommandowiessel bei der Arméi / Reportage: Pierre Jans

De Generol Steve Thull huet no 39 Joer am Déngscht, dovu sechs un der Spëtzt vun der Arméi, d'Geschécker symbolesch un de Generol Claude Robinet ofginn. Och wann d'Arméi ënnert dem Steve Thull wichteg Progrèse gemaach huet, steet säin Nofollger viru groussen Erausfuerderungen.

Bloen Himmel, spéitsummerlech Temperaturen, also vill schwéier Militäruniformen ënnert deene geschweesst gëtt. Kommandowiessel, dat heescht: Formatioun vun den Truppen am Véiereck virun der Tribün mat de Gäscht aus Arméi, Politik a Gesellschaft, dat heescht och Militärmusek a streng militäresch Ofleef. Fir d'lescht huet de Generol Steve Thull deen "Zodi" als Chef vun der Lëtzebuerger Arméi mussen, oder aus senger Siicht wuel éischter, dierfe matmaachen.

"Wann een de Kommando elo ofginn huet, geet een heem an et ass ee kee Chef méi. Wann een esou vill Joren an der Arméi geschafft huet, ass dat e komescht Gefill. Net well een net méi de Chef ass, mä well de Chef de grousse Privileeg huet, mat ganz vill Leit zesummenzeschaffen, déi ganz gutt Aarbecht maachen. Dat wäert mir feelen. Déi gesinn ech an deem Sënn net méi. Dofir wënschen ech hinne ganz vill Succès op hirem Wee fir d'Lëtzebuerger Land, de Fridden an d'Demokratie ze garantéieren."

Och wann de Generol Steve Thull e Militär duerch an duerch ass, hien huet a senger Ried fir emotional Amenter gesuergt. Fir d'éischt hat hie sengen Eltere Merci gesot, fir seng Kandheet an d'Ënnerstëtzung. An du senger Famill, senge Kanner awer virop senger Fra Pascale.

De Steve Thull hat sech och nach "Arrival" vun Abba gewënscht fir seng lescht Revue vun den Truppen. E puer Gefiller sinn am Kontext vu Krich an Europa, Technologië mat disruptivem Charakter a Menacen hannert all Eck sécherlech net falsch. An Zesummenhalt: D'Arméischeffen aus der Belsch, Estland, Frankräich, Däitschland, Lettland, Litauen a Rumänien waren zu Miersch dobäi. Dat géif d'Solidaritéit an Europa ënnersträichen, esou de Generol Steve Thull.

Als Chef d'Etat Major hat hien de Kommando an enger Zäit vu militärescher Oprëschtung. De gréisste Changement:

"D‘Zesummestelle vun eisem binationale Kampfbatallioun zesumme mat de belsche Kolleegen zu Arel. Dat leeft op Volltouren. Déi éischt Militäre sollen 2028 hiren Déngscht untrieden. Déi néideg Rekrutementer sinn on track."

D'Lëtzebuerger Arméi hantéiert entretemps mat Dronen a Loft- a Rakéitenofwier si geschwënn och am Repertoire. A wéi de Generol Claude Robinet de Fändel vun der Arméi bis am Grapp hat, war et kloer, dass hien déi Transformatioun elo weiderféiere muss.

"Eng Transformatioun, déi nëmme méiglech ass, wann d'Defense déi néideg finanziell Moyenen zur Verfügung gestallt kritt. A wann d'Arméi dat néidegt Personal rekrutéiere kann. D'Defense muss weider signifikant wuessen. D'Attraktivitéit vun de Beruffer an der Arméi muss gestäerkt ginn."

Dat sot d'Defenseministesch Yuriko Backes. An dunn huet den neie Chef vun der Arméi säi Motto virgestallt. Fir de Claude Robinet gëllt: "Let‘s Do It Arméi".

"Do It. Dat sinn déi véier Defisen an der Arméi aktuell. Den D steet fir eng diversifiéiert, breet opgestallten Arméi, den O fir eng operativ, den I fir Integritéit an den T fir Technologie."

A senger Ried hat hien dat verdéift.

"Mir bleiwen nëmme relevant, wa mir déi nei Technologien ewéi kënschtlech Intelligenz, Cloud Computing a Robotik integréieren an et notzen. Am russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain kann een observéieren, wéi d'Krichsféierung an Zukunft kann ausgesinn. Déi Upassung un d'Realitéit muss am Respekt vun den internationale Reegele geschéien. Mir gi mam gudde Beispill vir. Awer mir sinn net naiv."

Naiv ass och de Generol Steve Thull net. D'Pensioun ass e grousse Changement. Ma den Ausdauersportler huet Pläng.

"Ech probéiere mech erëm e bëssen op Vordermann ze bréngen um sportleche Plang."

Et kritt een de Steve Thull zwar aus der Arméi, ma d'Arméi – virop d‘Disziplin, déi do gëllt, net aus him.

De Steve Thull, deen elo sechs Joer Chef vun der Lëtzebuerger Arméi war, ass e Samschden Invité bei eis an der Emissioun Background, wéi gewinnt tëscht 12 an eng Auer.

Back to Top
CIM LOGO