Ofbau vu Plaze virgesinnD'Lëtzebuerger Handwierk an Turbulenzen

Jean-Marc Sturm
Deier Matières premières, Inflatioun, héich Zënsen a geopolitesch Onsécherheete mat der Ukrain oder Taiwan, och fir d'Handwierk sinn et turbulent Zäiten.
© AFP

Dem Handwierk bléist ee ferme Wand an d’Gesiicht. Bei der Chambre des Métiers geet rieds vun enger “Polykris”. Zejoert si manner Handwierksentreprisë bäikomm, wéi soss. Duebelt esou vill Entreprisen hunn opgehalen.

Handwierkskummer / Rep. Jean-Marc Sturm

Am éischten Trimester dëst Joer ass d’Zuel vun de Faillitten am Secteur ëm 10 Prozent am Verglach mat den dräi éischte Méint zejoert an d’Luucht gaangen. Fir dëst Joer gesäit all fënnefte Betrib net vir, Leit ze engagéieren. Et wäerte Plazen ofgebaut ginn an Departen oder Interims-Salariée wäerte kaum ersat ginn.

Kuerzfristeg sinn d’Perspektive besonnesch am Bau net déi Beschten. D’Optragsbicher si bei 39 Prozent vun deem Handwierkssecteur nach fir maximal dräi Méint gefëllt.

D’Fro wier net, ob elo ee Lach kënnt, mä wéi déif et ass. Nom Kollektivcongé géif een op alle Fall eng Partie Faillitte riskéieren.

Laangfristeg ass ee bei der Handwierkskummer awer manner pessimistesch. Den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers:

“Déi gréng Transitioun an aner Transformatiounen an der Gesellschaft maache sech mam Handwierk. Stéchwuert Wäermepompelen, Solarpannelen - alles wat Circularitéit ass, do ass d’Handwierk am gaangen, sech gutt opzestellen. Dat heescht, wa mir all déi Nohaltegkeet-Thematike maachen, dass et vill Opportunitéite fir d’Handwierksbetriber an alle Sparte ginn.”

Dowéinst bleift et och beim Slogan: “D’Handwierk baut d’Zukunft.”

© RTL

Back to Top
CIM LOGO