Landesplanung"D'Liewensqualitéit erhale fir haut a fir muer"

Claudia Kollwelter
Esou war d'Presentatioun vum Programm directeur vun der Landesplanung iwwerschriwwen, dee virun 2 Woche scho vun der Regierung ugeholl gouf.
"D'Liewensqualitéit erhale fir haut a fir muer"
Esou war d’Presentatioun vum Programm directeur vun der Landesplanung iwwerschriwwen, dee virun 2 Woche scho vun der Regierung ugeholl gouf.

E Programm, deen an de leschte 5 Joer ënnert anerem mat de Bierger an Experten zesummen erschafft gouf.

Do entwéckelen, wou et sënnvoll ass, Buedemverbrauch limitéieren an iwwert d’Grenzen eraus denken - dat sinn déi dräi Haaptaxe vum sougenannte PDAT. De Landesplanungsminister Claude Turmes huet ënnert anerem betount, datt d’Dierfer Dierfer solle sinn an d’Stied richteg Stied solle ginn. Engersäits sollen déi dräi Agglomeratioune vum Land weider ausgebaut ginn, mee och sougenannten Ankerstied geschaf ginn:

Iwwerall am Land hu mer sou Ankere fir de Service publique an d’Servicer fir d’Leit. D’Leit wëlle Service de proximité, wat an eisen Ae just mat zentralen Orten oder Ankerstied am ländleche Raum méiglech ass.

Bei 220.000 Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, wier en anere wichtege Punkt dee vum Zesummeliewen iwwert d’Grenzen ewech:

Ech fanne mir sinn et deene Leit och schëlleg, datt mer hinnen hëllefen a gudde Liewenskonditiounen ze sinn. D’Iddi ass fir d’Grenz verschwannen ze doen an eng strukturéiert Zesummenaarbecht an alle Beräicher kréien.

50 Milliounen Euro leien an enger gemeinsamer Keess, fir konkret Projete mat de Grenzregiounen en Place ze setzen. De Claude Turmes mengt, datt dat och e wichtege Punkt ass, fir d’ekonomesch Attraktivitéit vu Lëtzebuerg. Donieft huet en zum Beispill ënnerstrach, datt ee Gebaier méi multifunktionell notze misst, respektiv direkt esou plange muss, datt se net just een Zweck hunn. De Quartier vun der Metzeschmelz am Süde wier do e gutt Beispill, huet de Minister nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO