
Dat entsprécht enger Hausse vun iwwer 18% an der Moyenne op ee Joer gekuckt.
Dës Statistiken sinn aus de Verkafsdonneeën aus Notairesakten zesummegesat a gëllen nëmmen fir d’Vente vun Eefamilljenhaiser, déi ewell existéiert hunn, also net fir nei gebauten Haiser.
Wann een d’zäitlech Period elo nach méi breet kuckt, sinn d’Präisser fir neigebauten Appartementer a Wunnengen, déi ewell bestinn zanter dem Joer 2018, souguer ëm net manner wéi bal 49% méi deier ginn. Vun enger reegelrechter Präis-Explosioun ze schwätzen ass also net verkéiert.
Dës Zuele liwwert de Wunnengsbauminister Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Marc Lies.