Déi LénkD'Loyersgesetz muss zeréckgezu ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk verlaangen an engem Communiqué e "Stopp vun der Hypokrisie" an e Réckzuch vum Loyersgesetz.

Déi Lénk verlaangen e “Stopp vun der Hypokrisie” an e Réckzuch vum Loyersgesetz.

Ënner anerem bräicht een eng nei Berechnung vum investéierte Kapital, fir d’Loyere wierklech ze drécken. Och d’Garantie locative sollt op ee Mount limitéiert ginn.

Datt d’Gesetz vum grénge Logementsminister Hanri Kox e Schoss an den Uewe wier, dat wier vun Ufank u kloer gewiescht. D’LSAP, déi de Projet lo net méi matdréit, wier awer ëmmer mat allem d’Accord gewiescht, ginn déi Lénk ze bedenken. D’Sozialiste wéilten elo virun de Wale wuel de stompege soziale Profil schäerfen.

D’Regierungsparteie géingen d’Logementskris mëssbrauchen, fir op eng bëlleg Aart a Weis Walkampf ze maachen, bedaueren déi Lénk.

PDF: Communiqué déi Lénk

Back to Top
CIM LOGO