An et wier och net ëmmer evident, eng Erlabnis ze kréien, fir tëschenzelanden an ze tanken. Den neie Fliger vu bal 21 Meter Längt a 6 Meter Héicht ka bis zu 870 Kilometer an der Stonn erreechen an huet op Laangstrecken eng Autonomie vu bal 8.000 Kilometer. A well méi Equipage Plaz hätt, kéint a Schichte geflu ginn. Bis zu 18 Stonnen um Stéck.
Ma och de Patient hätt méi Komfort. Zwee kéinten der matgeholl ginn. An eng Intensiv-Behandlung kréien.
D'Maschinn wier eng Occasioun, de Käschtepunkt läit bei 15 Milliounen Euro. Plus eng Millioun fir dat medezinescht Ekipement.