
De Justizrot ass en neit Organ, dat de Fonctionnement vun der Justiz verbessere soll. Nieft ënnert anerem dem Parquet an aneren Acteure sollen och Membere vun der Zivilgesellschaft am Conseil siegéieren.
Am éischte Walgang gouf d‘Viviane Ecker mat der néideger Zwee-Drëttel Majoritéit als effektive Member gewielt. Si war vun 2014 bis 2016 scho Presidentin vum Staatsrot.
De Jean-Jacques Rommes ass am zweete Walgang och als effektive Member designéiert ginn. Hie stoung ënnert anerem 10 Joer un der Spëtzt vun der Bankenassociatioun.
D’Anne Kraus gouf beim drëtte Vott als Suppleante gewielt. Si ass am Beräich vun den Hëllefsorganisatiounen aktiv.
Nom véierte Walgang steet de Roland Berscheid och als Suppleant fest.