De Michel Wolter demissionéiert op de 15. AbrëllD'Nadine Braconnier gëtt nei Käerjenger Buergermeeschtesch

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Käerjeng kënnt et zu engem politesche Wiessel.
De Michel Wolter mat senger Fra an Nofollgerin Nadine Braconnier am Kader vun de Festivitéite fir den Trounwiessel.
© RTL Archiv

De Michel Wolter trëtt als Buergermeeschter zeréck. Dat huet hien e Méindegmoien nom Vott vum Käerjenger Gemengebudget fir dat nächst Joer matgedeelt.

Seng Nofolleg soll seng Fra, d’Nadine Braconnier untrieden. Si ass Gemengesekretärin zu Monnerech a war an der Gemeng Käerjeng bis ewell Presidentin vun der Finanzkkommissioun. Si géif direkt Buergermeeschtesch, well deen Zweetgewielten op der CSV-Lëscht bei de Gemengewalen 2023, de Frank Pirotte verzicht. Hie leet weiderhin d’CSV-Ekipp am Schäfferot. Domat wéilt d’CSV de Generatiounewiessel preparéieren.

De Michel Wolter ass zanter 2010 Käerjenger Buergermeeschter. Den aktuellen CSV-Deputéierte war och vun 1995 fir zwou Legislaturperioden Inneminister. Vun 1995 bis 1999 war hien och Minister fir d’Fonction publique an d’Reforme administrative.

Back to Top
CIM LOGO