BGL BNP ParibasD'Nettoresultat ass ëm 8 % am Verglach mat 2017 geklommen

Mariette Zenners
D'Bank huet weider eng héich Solvabilitéit mat Eegemëttel vu 5,9 Milliarden Euro.

D'Resultater vun der BGL BNP Paribas goufen en Donneschdeg presentéiert.

2018 war een internationaalt schwieregt Ëmfeld fir d'Finanzmäert mat niddregen Zënsen, volatillen Aktiëcoursen a Rendementer, déi bei den Obligatiounen noginn hunn. Et gouf trotzdeem eng gutt Geschäftsentwécklung.

Den Etienne Reuter vun der BGL
D'Bank huet weider eng héich Solvabilitéit mat Eegemëttel vu 5,9 Milliarden Euro.

D'Nettoresultat bei der BGL BNP Paribas ass ëm 8% am Verglach mat 2017 geklommen, op ronn 1,4 Milliarden Euro.

D'Bank huet weider eng héich Solvabilitéit mat Eegemëttel vu 5,9 Milliarden Euro. Et gouf festgehalen, dass 207 Milliounen Euro un Dividenden ausbezuelt ginn. 70 Millioune kritt de Staat als Aktionär an déi Zuele géife weisen, wéi stabil d'Bank wier , esou de President vum Verwaltungsrot Etienne Reuter.

Back to Top
CIM LOGO