NogefrotDofir zitt de Policehelikopter seng Kreesser an der Loft

RTL Lëtzebuerg
8 Polizisten an 2 Helikoptere vum Typ Airbus H145M gehéieren zum Support Aérien vun der Lëtzebuerger Police. Mir hu bei hinnen hannert d'Kulisse gekuckt.
Wisou flitt de Policehelikopter dacks am Krees?
8 Polizisten an 2 Helikoptere vum Typ Aibus H145M gehéieren zum Support Aérien vun der Lëtzebuerger Police. Mir hu bei hinnen hannert d’Kulisse gekuckt.

Een Helikopter vum Support Aérien (SUPA) steet ëmmer prett. D’Ekipp vu jeeweils zwee Polizisten op enger Schicht kann nämlech zu all Moment geruff ginn. En Abriecher op der Flucht, eng Persoun déi vermësst gëtt, gréisser Manifestatiounen oder sech einfach mol e Bild maache vum Verkéier. Dat sinn nëmmen e puer Missioune vun der Helikopterstaffel. Wichteg ass , dass si eng zousätzlech Ënnerstëtzung fir d’Police op der Plaz bidde sollen, well d’Vue aus der Loft eng ganz aner ass. Eegestänneg Missiounen, wou nëmmen de Policehelikopter am Asaz ass, sinn net d’Reegel.

Ekipéiert sinn déi nei Policehelikoptere mat der neister Technologie. Eng digital Kamera, eng separat Wärmebildkamera an eng Luucht, déi e ganzen Fussballterrain beliichte kann, sinn nëmmen e puer vun de “Spillsaachen” um Airbus H145M. Bannent 15 Minutte kann d’Police mat der Maschinn op all Plaz am Land sinn.

Déi eng Deeg si gelueden. Knapps gelant an et geet rëm an d’Luucht. Aner Deeg ass et da méi roueg an et kann ee Präventioun bedreiwen, wéi zum Beispill a Quartieren, wou vill agebrach gëtt, Presenz weisen. Geflu gëtt den Helikopter awer net vun de Poliziste selwer, mä vun engem Pilot vun der Air Rescue.

“Den Helikopter flitt zënter 10 Minutten iwwert eis”

Ëmmer rëm melle Leit op de soziale Reseauen, dass den Helikopter Minuttelaang iwwert hirem Haus flitt a spekuléieren, wat do grad lass ass. Heivir ginn et zwou einfach Erklärungen. Am Fall, wou den Helikopter grad en Asaz huet, ass dat eng Méiglechkeet, sech e Bild vun der Situatioun um Buedem ze maachen, zum Beispill, wann eng Persoun gesicht gëtt. Do muss ee bedenken, dass d’Polizisten do net onbedéngt een Haus am Bléck hunn, mä vun Uewen eng ganz Cité observéiere kënnen. En zweete Grond ass d’Landeerlabnis vum Flughafen. Wa si grad net an de Landeraum fléien dierfen, musse si ausserhalb op eng Geneemegung waarden. Do kënnt et da vir, dass si e puer Minutten op der selwechter Plaz fléien. Zum Beispill iwwert dem Rond-point Serra um Kierchbierg.

Mä wisou dann am Krees fléien an net op enger Plaz bleiwen?

Dat ass net schwéier z’erklären. Et ass fir de Pilot vill méi einfach, am Krees e puer Ronnen ze dréinen, wéi den Helikopter vu ronn 2,5 Tonnen op enger Plaz ze halen. Dës weidere consomméiert d’Maschinn esou däitlech manner.

Back to Top
CIM LOGO