Am General si gutt 2.000 Schüler fir d’Examen ageschriwwen, am Klassik ronn 1.700. Dobäi kommen 11 Schüler, déi hir Première an Owescoursë maachen.
Méi wéi 1.500 Enseignantë verbesseren dat Ganzt an 245 Examenskommissiounen. D’lescht Joer louch den Taux de réussite bei 83%.
RTL war de Méindeg de Moie fir den Optakt vum Premièresexame mat der Kamera am Atert-Lycée zu Réiden. 110 Schülerinnen a Schüler kruten um Punkt 8.15 Auer d’Examensblieder ausgedeelt.
Den Direkter Jeff Kohnen huet erënnert, dass déi Persoun, déi fir een Examen ze spéit kënnt, déi Zäit net bäikritt. Et dierf een den Examen awer trotz Verspéidung schreiwen, huet da just ebe manner laang Zäit.
Am Atert-Lycée war et éischter esou, dass viru 8.15 Auer nach fläisseg geléiert gouf. Eng Klass hat e klengen Elefant dobäi als Maskottchen.
Trotz deels aussergewéinlechem Unterrecht wéinst der Corona-Pandemie gesäit den Direkter vum Atert-Lycée Jeff Kohnen am allgemenge keen Nodeel fir d’Primaner vun dësem Joer. Et wier wuel eng schwéier Zäit gewiescht, dat lescht Schouljoer konnten d’Schülerinnen a Schüler awer nees a gewinnter Form maachen. Dowéinst ginn et dëst Joer och keng speziell Konditiounen, wat den Oflaf oder de Programm fir d’Examen ugeet.
No enger Woch Exame sinn déi nächst Woch d’Oralen an dann ass Vakanz. No der Päischtvakanz geet et weider mat den Examen an da ginn d’Fichë vun 3 verschidde Proffen aus 3 ënnerschiddleche Lycéeë verbessert. Enn Juni, Ufank Juli ass mat de Resultater ze rechnen.