Etienne SchneiderDoktere bis ewell net u Prime fir Regruppementer vu Cabineten interesséiert

Roy Grotz
Bis ewell goufen et nach keng Cabinete vun Dokteren, déi beim Gesondheetsministère e finanziellen Zouschoss gefrot hätten, fir e Regroupement ze grënnen.

Zanter Enn zejoert besteet dës Méiglechkeet vun enger Prime, fir datt Generalisten derzou encouragéiert gi sollen, fir sech a Cabineten zesummenzeschléissen - wéi gesot goufen awer déi lescht Méint iwwer keng Suen fir esou e Schrëtt beim Ministère ugefrot.

Ee vun de Critèren, fir dës Installatiouns-Prime fir e Regroupement vun Cabineten ze kréien ass et, d'Dieren vum Cabinet owes méi laang op ze hunn, respektiv och um Weekend , oder op Feierdeeg - esou sollen och d'Urgencen entlaascht ginn.

Dat äntwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Gilles Baum.

Weider ass et d'Präzisioun, datt eng Evaluatioun vun de Maisons Médicales amgaangen ass, sou datt d'Offer am ganze Land ënnersicht gëtt, och am Osten.

Back to Top
CIM LOGO