1. biergerlech Gesetzesinitiative um WeeDoktere setze sech fir Patienterechter an

Diana Hoffmann
Zanter dëser Woch kënnen sech duerch déi nei Constitutioun Bierger a Biergerinnen elo an de legislative Prozess mat abréngen.

Dat andeems si eng Gesetzespropose maachen. De Generalist Dokter Eric Sassel steet scho mat enger Idee an de Startlächer.

Fir eng Gesetzespropose anzebréngen, muss ee schonn zimmlech bestëmmt sinn. Et brauch een eng ganz Partie Leit hannert sech.
«Wann déi Proposition de loi bis abruecht ass, vun 125 Wieler a breet gedroen ass vun 12.500 Wieler, da gëtt se vun der Chamber behandelt, wéi eng normal Proposition de Loi», erkläert de President vun der Verfassung kommissioun, de Mars Di Bartolomeo, de Modus Operandi.

Déi 125 Wieler fir den Text eranzereechen, huet den Dr. Eric Sassel nach net ganz hannert sech, mee e wier der Saach schonn no. Mat anere Leit, dorënner och Affekoten, schafft hien drun, fir d’Patienterecht ze verbesseren. Besonnesch stéiert hien, dass d’Patienten oft an der Loft hänken, wann de Kontrolldokter eppes aneres seet, wéi hiren Dokter.

Eng Kontroll vun der Kontroll wier néideg.

Heiansdo hätt een nämlech op där enger Säit den Dokter, deem ee vertraut, an dee géing attestéieren, dass ee krank wier an Hëllef verspriechen. An op där anerer Säit hätt een dann de Kontrolldokter, deen a verschiddene Fäll géing soen et soll een erëm schaffe goen, erkläert den Eric Sassel.

E weidere Punkt, deen de Generalist stéiert ass, dass et fir esou Fäll keng Schlichtungsstell gëtt. Just e sougenannte Schiedsgericht, wou géing en Urteel geholl ginn, dat dacks géing laang op sech waarde loossen.

Fir d’Gesetz an dësem an anere Punkten ze iwwerschaffen, géing een nach ee bis zwee Méint brauchen, sou de Generalist. De Wee wier awer dee richtegen.

«Et ass eng flott Initiative. Do hu mer lo eng nei modern Verfassung, déi eis erlaabt esou eppes ze starten, da soen ech: «Da komm mer probéieren et». Wien näischt probéiert, deen näischt mécht», seet den Eric Sassel.

Déi nächst Etapp ass dann déi 12.500 Wieler vum Gesetzestext ze iwwerzeegen, ier en dann an d’Chamber kënnt fir déi nächst Etapp.

Back to Top
CIM LOGO