
Et géing en éischten Entworf vun enger Upassung vum Gesetz virleien, déi d’Disziplinarprozedur soll vereinfachen. En Entworf, deen de Collège médical mat ausgeschafft hätt. “Et ass och an deem Kader, wou eng Reegelung geplangt ass, duerch déi en Dokter, deen am Ausland zäitweileg oder ganz gespaart ass, net däerf zu Lëtzebuerg exerzéieren”, schreift d’Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Alexandra Schoos.
D’ADR-Deputéiert wollt an hirer Demande Detailer wëssen, iwwert d’Affär vum Zänndokter Patrice Mattiuzzi, deen zu Bartreng exerzéiere konnt, wärend a Frankräich eng juristesch Prozedur géint hie gelaf ass an hie seng Zouloossung entzu kritt hat. D’ADR-Deputéiert huet gefrot, wisou et hei am Land esou laang gedauert huet bis den Dokter gespaart gouf.
Den Ament wou den Zänndokter am Abrëll 2013 seng Zouloossung zu Lëtzebuerg krut, hätt de Gesondheetsministère net d’Méiglechkeet gehat, ze gesinn, dass am Ausland eng Prozedur géint hie géing lafen. Weider heescht et, dass den Zänndokter tëscht dem 15. Februar an dem 14. Mee 2016 net huet däerfen zu Lëtzebuerg praktizéieren. De 15. Januar 2016 war géint hien eng zäitlech begrenzte Suspensioun vum Zouloossungsrecht verhaange ginn. D’Motiv wier, dass den Zänndokter bei senger Demande fir seng Zouloossung net matgedeelt hat, dass géint hie géing eng Prozedur a Frankräich lafen, erkläert d’Ministesch. Méi Detailer goufen et hei net.
Am Fall vum Zänndokter Patrice Mattiuzzi wieren de Conseil de discipline a méi spéit de Conseil supérieur de discipline vum Collège médical involvéiert gewiescht. Den 23. Dezember 2023 huet de Conseil supérieur e liewenslaangt Beruffsverbuet gesprach.