D’Technologien an der Medezin entwéckele sech permanent weider. Am medezineschen Trainingszenter am Spidol um Kierchbierg ginn zanter 2006 Formatiounen ugebueden, fir ëmmer um neisten Stand ze sinn an Kompetenzen z’erweideren. Den Zenter gouf rezent renovéiert an ausgebaut ageweit.
De Medical training center riicht sech virum allem u fäerdeg Dokteren aus Lëtzebuerg an dem Ausland, mä och ëmmer méi u Studenten. Hei hu se d’Méiglechkeet, sech nei Technologien unzeeegenen, ouni direkt un engem Patient mussen ze operéieren, wéi den Dr Pit Putzeys, Responsabel fir medezinesch Weiderbildung am Beräich Orthopedie erkläert
Mir hunn d’Chance, déi eenzeg Fakultéit an Europa ze sinn, déi Studenten am zweete Joer erméiglecht, ze bitzen an am drëtten Joer schonn Dissektiounen ze maachen. Den zweeten Niveau ass fir jonk Residenten, déi tëscht OPen kënnen op anatomeschen “Specimen” ze operéieren. An um drëtten Niveau hu mer erfueren Chirurgen, déi hei eng Zertifikatioun kréien an no minimum 6 Operatiounen dierfen mat engem Roboter schaffen.
Et misst een och bedenken, datt d’Populatioun ëmmer méi al an ëmmer méi schwéier gëtt. Dat wier souwuel fir de Patient wéi och fir den Chirurge immens ustrengend. D’Robotik géif do enorm hëllefen:
D’Studien hu gewisen, datt d’Robotik aus de Chirurge besser Chirurge maachen, well se méi präzis a méi produktiv sinn a se konnten och beweisen, datt klinesch Resultater besser sinn, d’Patiente manner laang hospitaliséiert sinn an et ekonomesch och wäertvoll ass, well de Patient éischter kann heemgoen.
D’Coursë gi vu Spezialisten aus dem In- an Ausland gehalen. De medezineschen Trainingszenter géif Lëtzebuerg eng international Visibilitéit ginn, wouvun och de Gesondsheetssystem profitéiert, ënnersträicht den Dr MArc Berna, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman.
Well et eis jo da geléngt, Talenter mat spezifesche Kompetenzen an eise GS eranzekréien a se dauerhaft do ze behalen. Dovunner profitéiert och eis Patiente, well se doduerch Zougang zu deene modernsten Technologien ënner deene sécherst méigleche Bedingunge kréien.”
De Medical Training Center strieft awer och e Partenariat mam renomméierte Weiderbildungsinstitut IRCAD vu Stroossbuerg un. Domadder kréichen Doktere vun hei e besseren Zougang zu Formatiounen, déi net um Kierchbierg ugebuede ginn. Och kéinten Doktere vun hei Coursen am IRCAD