
3 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 800 €: Dozou gouf de Moien um Stater Geriicht e Mann veruerteelt, dee wéinst Fälschung de Prozess gemaach kritt hat. Hien hat wëlle Congé hunn, well e midd war, krut deen awer vu sengem Employeur refuséiert.
De Mann hat doropshin am Dezember 2016 kuerzerhand en Dokteschcertificat gefälscht an deen ofginn! Allerdéngs war d'Fälschung opgefall, an d'Firma hat Plainte gemaach.