Eng Hellewull Aarbecht am Wäibierg vum HärD'Organisatioun an de Pore gëtt net méi einfach

Marc Hoscheid
Zu Lëtzebuerg koum et am Kader vun der Trennung vu Kierch a Staat zu enger Reorganisatioun vun der kathoulescher Kierch. D'Situatioun ass net evident.
© Marc Hoscheid

Aktuell gëtt zu Lëtzebuerg vill iwwert d’Gemengewale geschwat. De Grand-Duché deelt sech an 102 Gemengen op, no de Wale wäert déi Zuel op 100 zeréckgoen. Ma wärend ee sech um Niveau vun de Gemengen éischter schwéier mat Fusiounen deet, koum et de 7. Mee 2017 zu enger “Megafusioun” um Niveau vun de Poren. Vun 274 sinn der just nach 33 bliwwen. Eng dovun ass Musel a Syr Saint-Jacques, déi zum Dekanat Osten gehéiert. Si huet déi 18 Pore Berbuerg, Betzder, Biwer, Éinen, Fluessweiler, Gouschteng, Gréiwemaacher, Lelleg, Meechtem, Manternach, Menster, Mäertert, Nidderdonwen, Ouljen, Rued-Sir, Waasserbëlleg, Wecker a Wuermer ersat. Un der Spëtzt vun der Por steet den Deche Claude Bache. Hie gëtt zou, datt déi radikal Reorganisatioun an éischter Linn op “Manque de combattants” zeréckzeféiere wier. “Wéi ech geweit gi sinn, dat si lo 33 Joer hier, ware mer zu 234 diozösan Geeschtlecher, haut si mer zu 100, also méi wéi zwee Drëttel manner, bei engem Duerchschnëttsalter vu 67 Joer de Moment.” Et hätt een eppes misse maachen, well net méi all Por ee Paschtouer behalen hätt. Datt et um Enn 33 Pore goufen, wier éischter arbiträr, et hätten der och méi oder manner kënne sinn.

© Marc Hoscheid

D’Pläng fir déi nei Opdeelung wieren 2016 am Prinzip fäerdeg gewiescht, ma et hätt een d’Leit awer wëllen abannen an no hirer Meenung froen. An der Por Musel a Syr huet een den 2. an 3. Juli eng Enquête duerchgefouert, un där 566 Persounen deelgeholl hunn a bei där gefrot gouf, ob si mat der proposéierter Fusioun d’accord wieren, wéi déi nei Por heesche soll a wien de Patréiner soll ginn. Ma och wann dat scho siwe Joer hier ass, wier déi nei Realitéit nach ëmmer net wierklech an de Käpp vun de Leit ukomm. Wat déi personell Situatioun vun der Pastoralekipp ugeet, sou besteet dës haut nach aus siwe Leit, dräi Geeschtlecher, een Diakon an dräi Laien. 2013 waren et nach 13 Leit, sechs Geeschtlecher, een Diakon a sechs Laien.

© Marc Hoscheid

Op d’mannst eng Mass am Mount an all Kierch

Wat d’Organisatioun vun de Masse betrëfft, huet een e Roulementssystem agefouert. Zu der Por gehéiere siwe Gemengen an et gëtt gekuckt, datt an all Gemeng all Weekend eng Mass ass. An de Gemenge selwer géing d’Plaz ëmmer wiesselen, sou datt am Prinzip an all Kierch op mannst eng Kéier pro Mount eng Mass ofgehale gëtt. All Sonndegmoien ass iwwerdeems an der Porkierch zu Gréiwemaacher a sonndegowes zu Rued-Syr eng Mass. Et wier op alle Fall mat gewëssen organisatoreschen Opwand verbonnen an hie misst um Kalenner nokucken, fir ze wëssen, wou e wéini eng Mass hält, erkläert de Claude Bache. Positiv un deem System wier, datt ee vill ronderëm kéim an et op all Plaz e bëssi anescht wier. Negativ wier allerdéngs, datt een als Paschtouer esou manner op enger Plaz verwuerzelt wier an dacks net vill Zäit hätt, fir no der Mass mat de Leit ze schwätzen, well ee scho rëm op eng aner Plaz fuere misst.

Datt d’Zuel vun de Gleewegen zeréckgeet, wier net ze leegnen, ma grad zu Gréiwemaacher géing ee sech awer nach gutt halen. Den Haaptgrond fir déi Entwécklung ass, datt Leit wechstierwen. Austrëtter géinge sech éischter a Grenzen halen, a senger Por wieren et der dräi bis véier d’Joer. Datt déi Zuel par rapport zu Däitschland ee gudde Krack méi niddereg ass, géing wuel doru leien, datt een zu Lëtzebuerg keng Kierchesteier bezuele muss. Mëssbrauchsfäll, souwuel am Ausland wéi och zu Lëtzebuerg, hätten awer och am Grand-Duché Leit derzou beweegt, der Kierch de Réck ze dréinen.

300 Kanner an der Katechese ageschriwwen

Mat Bléck op den Nowuess wieren an der ganzer Por 300 Kanner an der Katechese ageschriwwen. “Et kann ee soen, dat sinn der vill, et kann ee soen dat sinn der net vill. Wa mer se all hätten, hätte mer der 1.200.” Ongeféier ee Véierel vun de Kanner geet also an d’Katechese. Déi, déi kommen, kéimen och gären, ma d’Course ginn ëmmer op fräie Mëtteger organiséiert, wou d’Kanner soss Sport oder Musek maachen. Well et an der Schoul kee Reliounsunterrecht méi gëtt, musse Kanner dräi Joer Katechese gemaach hunn, fir d’Kommunioun maachen ze dierfen. Dëst Joer sinn dat der an der Por Musel a Syr tëscht 70 a 75. Dat wieren der natierlech manner wéi fréier, an och wann déi Zuel an de leschte Joren nach zimmlech stabel wier, dierft se wuel kaum méi an d’Luucht goen. Ma och wann d’Quantitéit erofgeet, kéint ee mat der Qualitéit awer ganz zefridde sinn.

Eng Hellewull Aarbecht am Wäibierg vum Här: Schwiereg Organisatioun an de Poren

Trotzdeem wéilt een de Réckgank u Gleewegen net einfach als Fatalitéit akzeptéieren. Et misst een de Leit kloermaachen, datt ee sech och engagéiere kann, wann ee kee Geeschtlechen ass. Mat Bléck op déi Geeschtlech dierft iwwerdeems d’Fro ronderëm d’Festhalen um Zölibat iergendwann um Niveau vun der Weltkierch diskutéiert an entscheet ginn. Et dierft een awer och net mengen, datt d’Zuel vu Paschtéier doduerch massiv klamme wäert, déi protestantesch Kierch géing et Paschtéier jo erlabe sech ze bestueden, an hätt nawell Problemer.

Kierchefabrécke schreiwe schwaarz Zuelen, finanziell Situatioun awer net evident

Am Ganze ginn et an der Por Musel a Syr 27 Kierchen a Kapellen. 25 dovu gehéieren de Gemengen, just d’Gebaier zu Menster an Oulijen wollt d’Gemeng Betzder net, sou datt dës dem Kierchefong gehéieren. Wéinst den héijen Energie- an de Loyerskäschte misst ee sech sécher iergendwann vun enger Partie Gebaier trennen. Et wier awer schwéier ze decidéieren, wéi eng Kierchen een opgëtt.

Wärend et fréier eng Kierchefabréck pro Por gouf, gëtt et haut eng Kierchefabréck pro Gemeng. All Kierchefabréck schéckt ee Vertrieder an de Conseil de gestion paroissial (CGP), de Finanzrot vun der Por. De Budget gëtt pro Gemeng opgestallt an de CGP hëlt se un oder redresséiert se. Ënnert dem Stréch misst ee schwaarz Zuele schreiwen. No liichten Ulafschwieregkeete géing dat mëttlerweil ganz gutt klappen. Dat wier och wichteg, well ee vum Staat kontrolléiert gëtt. Bei der administrativer Aarbecht géinge sech d’Virdeeler vum Zesummeleeë vun de Poren an d’Grënnung vum Kierchefong weisen. Sou wiere lo beispillsweis déi verschidde Regëster op enger Plaz regruppéiert an de Fong géing den Tresoriere vill Aarbecht ofhuelen.

Et muss ee keng fënnef Joer Theologie studéiert hunn, fir ze hëllefen

Datt déi finanziell Situatioun net ëmmer evident ass, géing doru leien, datt déi Gleeweg zu Lëtzebuerg et, anescht wéi a Frankräich, net gewinnt wieren, fir hire Geeschtlechen ze suergen. Mam Affer an den Donen eleng kéint ee sech net iwwer Waasser halen. Fir sech finanziell ze sanéieren, misst d’Kierch virun allem op de Verkaf vun Terrainen respektiv d’Eraklamme bei Bauprojeten, déi Loyer generéieren, setzen.

© Marc Hoscheid
© Marc Hoscheid

Fir d’Zukunft vu senger Por wënscht sech de Claude Bache virun allem: “Datt d’Leit méi hin an her ginn a méi gesinn, mir sinn eng grouss Por, mir gehéieren all zesummen.” Et wier een anert Erliefnes eng Mass mat 150 Leit ze zelebréiere wéi mat fënnef. De Claude Bache hofft och, datt d’Zuel vun den haaptamtleche Mataarbechter net ëmmer weider no ënne goe wäert. Et wier awer kloer, datt ee Leit verléiere wäert, dëst Joer geet eng Fra an d’nächst Joer eng aner an d’Pensioun. Ma och engagéiert Fräiwëlleger wieren ëmmer wëllkomm, besonnesch an der Katechese. Sief et Eltere vu Kanner oder Pensionären, déi net wësse wat se maache sollen. “Mir si frou fir jiddereen, deen eng Hand mat upake kënnt, och wann e keng fënnef Joer Theologie studéiert huet, mee einfach mat Kanner ëmgoe kann.” Dem Claude Bache ass den direkte Kontakt mat de Leit wichteg. Hie féiert vill Gespréicher op der Strooss a bei Fester. Wéi et sech fir Gréiwemaacher gehéiert, gëtt bei deene Gespréicher och alt mol ee Pättche gedronk, dat och alt emol am “Dechenskeller”, wou de Claude Bache, deen als Wënzer agedroen ass, eng eege Wäistuff huet, déi hie beispillsweis wa Wäifest ass fir de Publik opmécht. “Wann ee Kontakt mat de Leit kréie wëllt, ass dat einfach, besonnesch hei op der Musel ass et kee Problem. A wa mol ee Problem ass, dann drénke mer ee Patt zesummen, dann ass de Problem geléist”, mengt de Geeschtleche mat engem Grinsen.

© Marc Hoscheid

Ausernanersetzung ëm d’Ofschafe vun de fréiere Kierchefabrécke geet virun

D’Trennung vu Kierch a Staat, déi am Joer 2017 offiziell gouf, ass net iwwerall gutt ukomm. Virun allem de Syndicat des fabriques d’églises du Luxembourg (Syfel) hat sech géint d’Konventioun gewiert. Weder den Äerzbistum nach de Staat hätten d’Recht gehat, d’Ofschafe vun den deemolege Kierchefabrécken ze decidéieren, well dës een eegene juristesche Statut hätten. Am Juli 2018 hat de Syfel allerdéngs an éischter Instanz virum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg Onrecht kritt. Och wann ee laang näischt méi vun där Thematik héieren huet, ass den Dossier awer nach net zou. Wéi de Marc Linden, zoustänneg fir d’Kommunikatioun beim Syfel, op Nofro hin erkläert, lafen nach ëmmer zwou Geriichtsaffären, eng an éischter, déi aner an zweeter Instanz. Hie géing hoffen, datt dëst Joer eng Decisioun fält, mee wierklech drun ze gleewe schéngt hien awer net. Well sech dat ganzt sou laang zitt, huet sech eng Partie vun deene Leit, déi sech am Syfel engagéiert hunn, zeréckgezunn. Och d’Corona-Pandemie hätt engem ee schwéiere Schlag versat.

Back to Top
CIM LOGO