
“Mir maachen alles wat mer kënnen, fir d’Sécherheet ze garantéieren.” Dat ënnersträicht den Direkter vun der Prisongsverwaltung, de Serge Legil am RTL-Interview.
D’Associatioun vun den Agents pénitentiaires hat jo Alarm geschloe well et ëmmer méi Incidente mat Gewalt a versichten Aggressioune géif ginn. Hir Haaptrevendikatioun ass méi Personal. Dat géif méi Sécherheet fir d’Giischtercher bedeiten a Rouzäiten, déi kéinte respektéiert ginn. 50 Poste sinn accordéiert, 16 weiderer sinn ugefrot fir déi 680 Agenten z’ënnerstëtzen, déi den Ament zu Schraasseg, um Uerschterhaff an zu Giwenech schaffen. Do geet d’Zuel vun de Prisonéier nämlech an d’Luucht. D’Prisonge si quasi um Maximum an dat féiert zu Tensiounen.
Ob et elo wierklech méi Gewalt gëtt, ass fir den Direkter vun der Prisongsverwaltung, de Serge Legil, awer eng Fro, déi een net einfach mat Jo oder mat Nee beäntwerte kann. Et hätt een et mat engem Phenomeen a Wellen ze dinn:
“Et ass mol méi mol manner, mä iwwert déi lescht Jore global gekuckt, geet d’Tendenz duerchaus an d’Luucht. Dëst Joer hate mer effektiv scho véier Tëschefäll, déi elo net all vun där ganz grousser Gravitéit waren, mä déi awer relevant waren.”
Bei esou Tëschefäll sinn entweder Giischtercher viséiert, respektiv, si mussen dertëschent goen. “Mir haten een Incident, zum Beispill, do huet en Detenu en Teller no engem Giischtje gehäit, ouni en ze treffen. Mir haten dee berüümten Incident zu Giwenech bei där Tentative d’evasion, wou et awer u sech och kaum méi eescht Verletzunge waren. Dëst Joer ass kee vun eisen Agenten - Gott sei Dank an hoffe mer, datt et esou bleift - wierklech eeschthaft blesséiert ginn. Par konter d’lescht Joer hate mer en Incident, och zu Giwenech, do hat e Mann ganz, ganz vill Chance, datt hätt kënnen eng Katastroph ginn.”
De President vun der Associatioun vun den Agents pénitentiaires hat hei op der Antenn gesot, méi Personal géif méi Sécherheet bedeiten a fir dëst Joer sinn och scho 50 Posten accordéiert, 16 weiderer sinn ugefrot, et géif een déi warscheinlech bäikréien, esou de Serge Legil, mä déi zousätzlech Leit stinn net onbedéngt esou séier virun der Dier wéi d’Prisongsverwaltung an d’Giischtercher sech dat wënschen.
“Et ass natierlech esou, datt mir net déi eenzeg Verwaltung beim Staat sinn, déi Leit brauch an et ass net un eis, dat ass eng politesch Saach, wéi déi Leit déi de Staat rekrutéiert, opgedeelt ginn tëschent deenen eenzele Verwaltungen.”
De Serge Legil ass optimistesch, datt ee genuch Giischtercher fënnt, mä et missten och déi richteg Leit sinn:
“Mir maachen e relativ seriöen Tri, well dat ass en extreem erausfuerderende Beruff, dee psychologesch ganz, ganz vill vun de Leit ofverlaangt. Mir kënnen do keng Kompromësser op der Qualitéit maachen an dat wier och net seriö vis-à-vis vun de Leit, déi schonn do schaffen an déi all Dag hiert Bescht ginn, fir dass déi Saach do dréint an engem ganz schwieregen Ëmfeld. Do kënne mer keng Kompromësser op der Qualitéit maachen a mer wëllen och keng maachen.”
Och wann de Beruff vum Agent pénitentiaire mat engem gewësse Risiko verbonnen ass, ass et - an den Ae vum Serge Legil - en attraktive Beruff. E Giischtje wier eng Zort “First Line Responder”, am Fong e Street Worker am Prisong. Et wier eng Aarbecht, wou Fangerspëtzegefill an Empathie verlaangt wieren a wou ee misst kënnen nolauschteren, ouni datt awer jeemools d’Grenz tëschent Detenu an Agent dierf iwwerschridde ginn.
De Serge Legil verséchert, datt d’Prisongsverwaltung un all de Fronte kämpft an och permanent am Dialog mat de Gewerkschafte wier.